Beim Centre national de l'audiovisuel leeft villes net sou wéi et soll an et braucht Verännerungen, där Meenung war déi gréng Deputéiert Djuna Bernard e Méindeg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun. Éier konkret Decisioune geholl ginn, misst awer mol fir d'éischt d'Situatioun genee analyséiert ginn. Anescht bei den héijen Energiepräisser, do bräicht et direkt eng Reaktioun.
Mee mol ugefaange mam CNA. Do kritt den Direkter Gilles Zeimet jo esouwuel Harcellement wéi och fachlech Feeler reprochéiert. Sou soll an de Raimlechkeete vun der Family of man-Ausstellung zu Clierf d'Klimaanlag net richteg funktionéiert hunn. De Gilles Zeimet an de Kulturminister Eric Thill haten an der parlamentarescher Kulturkommissioun gesot, d'Fotoe wieren awer ni ganz schiedlechen Temperature respektiv enger ganz schiedlecher Fiichtegkeet ausgesat gewiescht. Dat contestéiert virun allem de Marc Baum vun déi Lénk, deen fënnt, de Gilles Zeimet wier net als Direkter ze halen, wa sech erausstelle sollt, datt déi Zuelen, déi den Deputéierten an der Kulturkommissioun presentéiert goufen, net stëmmen. Déi gréng Deputéiert Djuna Bernard ass do awer e bëssi méi zeréckhalend.
"Wéi gesot ech muss déi Zuelen elo mol a Rou kucken. Den Här Zeimet war effektiv ganz formell a sengen Aussoen, déi an der Chamberkommissioun gemaach goufen. Falls et sech sollt erausstellen, datt hei Fakten um Dësch leien, déi konträr par Rapport zu sengen Aussoe sinn, dann hunn ech ee Problem domadder. Well dann huet effektiv hei ee Beamten op d'mannst eng aner Interpretatioun vun de Fakte wéi d'Chamber, an da muss een doriwwer diskutéieren, wourun déi Interpretatioun läit an ob do wëssentlech Informatiounen zeréckgehale goufen an dat kann natierlech net sinn."
Et misst een awer generell hannerfroen, ob et nach zäitgeméiss ass, datt an enger Kulturinstitutioun wéi dem CNA een Direkter alles eleng decidéiert oder ob et net besser ass, d'Responsabilitéit op méi Schëlleren ze verdeelen.
De Gilles Zeimet war nach ënnert der viregter Kulturministesch Sam Tanson agestallt ginn. Dono gefrot, ob déi Gréng dann och bis zu engem gewësse Grad mat Schold un der aktueller Situatioun beim CNA sinn, war et dës Äntwert:
"Ech mengen den offizielle Prozess, wéi gesot ech war nach ni Kulturminister, ass deen, datt et ee Comité de sélection gëtt, deen déi verschidden Entretienen a Prozeduren duerchleeft a wou dono de Minister oder d'Ministesch vun deem Comité eng Recommandatioun gemaach kritt, an ech mengen, datt dat hei de Fall ass."
Ee Sujet laanscht deen een aktuell net kënnt, sinn den Iran-Krich a seng Repercussiounen, notamment déi héich Energiepräisser. D'Regierung envisagéiert Mesuren, wann d'Situatioun se dann néideg mécht. Fir d'Djuna Bernard ass dat schonn de Fall an dowéinst fuerdert si, datt ee Steierkreditt en place gesat gëtt, änlech wéi deen, deen 2022 wéinst dem Ukrain-Krich agefouert gouf. Esou géing och séchergestallt ginn, datt virun allem déi Leit gehollef kréien, déi et am meeschte brauchen. Gläichzäiteg misst d'Energietransitioun forcéiert ginn.
"Mir brauche grad elo wierklech eng Investitiounsoffensiv an d'Erneierbarer an an deem Sënn ass et schued, datt mer gesinn, datt op villen Niveauen Aidë bëssi zeréckgeschrauft goufen, datt mer een Abroch haten an der Elektromobilitéit an do mengen ech ass et wierklech lo de Moment, datt dës Regierung nach eng Kéier Moossnamen an de Grapp hëlt."
Eng konkret Mesure wiere finanziell Hëllefen, wann een eng Elektroborne bei sech doheem installéiere wëllt.
D'Djuna Bernard huet dann och ënnerstrach, datt een d'Betriber net vergiessen dierft. Aktuell géing d'Regierung op Zäit spillen an dat wier kee glécklecht Signal.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.