Sensibiliséierungscampagne vum ËmweltministèreBotzaktioune laanscht d'Uelzecht an d'Kor

Céline Eischen
Knascht an de Baachen a Flëss ass op villen Niveaue geféierlech: net nëmmen d'Biodiversitéit kënnt zu Schued, wa Saachen am Waasser sinn, déi net dohinner gehéieren. Och d'Zirkulatioun vum Waasser kann duerch Offall blockéiert ginn, an Iwwerschwemmunge provozéieren.

Am Kader vun enger Sensibiliséierungscampagne wëllen den Ëmweltministère, d’Flosspartnerschafte vun der Uelzecht an der Kor an och am Ganzen 13 Gemengen an den nächsten zwou Wochen d’Uwänner ronderëm d’Uelzecht an d’Kor botzen.

Botzaktioune laanscht d’Uelzecht an d’Kor / Reportage Céline Eischen

Knascht wéi Plastik, Fläschen, Glieser an esouguer Bauschutt gehéieren net an eis Baachen a Flëss. Och wann déi Meescht dat u sech wëssen, ass e Méindeg zu Éilereng awer esou munches beim Botze laanscht d’Kiemelbaach zesumme komm. Et war déi éischt Botzaktioun am Kader vun der neier Sensibiliséierungscampagne, an d’Sensibiliséiere wier och net vu Muttwëll, esou de Suessemer LSAP-Ëmweltschäffe Steve Gierenz:

“Et soll scho gekuckt ginn, wat alles do an deenen Tuten dran ass. Bon, hei war et, wéi gesot, ganz opfälleg, dass Binden dra waren an dass Lingetten dra waren a wou mer, mengen ech, als Gemeng Suessem oder iwwerall am Land eigentlech musse sensibiliséieren, dass déi Saachen am Fong net an d’Toilette gehéieren, mee an d’Poubelle.”

Botzaktioune laanscht d'Uelzecht an d'Kor
Knascht an de Baachen a Flëss ass op villen Niveaue geféierlech: net nëmme fir d’Biodiversitéit, mä och fir d’Zirkulatioun vum Waasser.

Wéinst Wand a Reen awer och der falscher Entsuergung an der Kanalisatioun lant de Knascht am Waasser. Zum engen kann et duerch déi blockéiert Zirkulatioun vum Waasser zu Iwwerschwemmunge kommen. Ma net nëmmen, wéi d’Lisa Van der Weken aus dem Ëmweltministère preziséiert:

“Ee weideren Aspekt ass ganz kloer och hei: ech mengen Dir gesitt et: Hei ass ee Park, hei ginn d’Leit laanscht, also hei och een ästheteschen Aspekt. An awer och deemno, jee nodeems, wat do dra läit, kann dat och eng Pollutioun vum Waasser bedeiten. Dat heescht, et ass wichteg, datt een dat eraushëlt an och fir déi kleng Liewewiesen, déi an der Baach sinn, awer déi och niewent der Baach ronderëm lafen, déi kënnen dat ofschlécken.”

Déi 13 Gemengen, déi matmaachen, koordinéieren hir Botzaktioune selwer. An der Suessemer Gemeng huet een de Regiebetrib an de Service Ecologique fir d’Botzaktiounen agedeelt. Den David Hengen vum Service Ecologie huet awer och erkläert, datt een d’Aktioun awer och dofir notzt, eng Bestandsopnam ze maachen:

“Mir kucken tatsächlech, wéi den Zoustand vum Floss ass, wéi den Duerchlaf ass, wéi d’Situatioun lénks a riets ass vum Floss, an och wéi d’Verschmotzung ass. Dofir gi mer eben haut of, fir eis e Gesamtbild vum Floss ze maachen, net nëmme wat d’Verschmotzung ugeet, mee och wat d’ganz Naturschutz-Situatioun ass, dofir war de Bauer och mat dobäi, deen d’Situatioun gutt kennt. Also et geet schonn drëm, fir e Gesamtiwwerbléck vum Floss ze kréien.”

Och fir d’Renaturéierungsprojete laanscht d’Baachen a Flëss sinn esou Bestandsopname wichteg.


Passend zum Theema:
Vu wonnerschéi bis schrecklech sténkeg. Am Pisa Summerchallenge waren den Olivier Catani a Mister Science viru puer Joer mam Stand Up Paddle iwwert d’Uelzecht gepaddelt. Vun der glasklorer Quell a Frankräich, duerch verwuessen Naturschutzgebidder an däischter Tunnellen am Minett bis an d’Festung vun der Stad Lëtzebuerg.

Vu wonnerschéi bis schrecklech sténkeg
Am neie Pisa Challenge entdecke mir déi vill verschidde Facette vun der Uelzecht

Back to Top
CIM LOGO