Vill Accidenter um Méindeg den OwendNet manner wéi 9 Blesséierter gouf et bei 4 Accidenter

Andy Brücker
Bannent 40 Minutten hat et 4 mol gerabbelt an 9 Persoune goufe verwonnt.
© Jeannot Ries

E Méindeg den Owend kuerz virun 18.30 Auer huet sech zu Rameldang “An der Retsch” en Auto iwwerschloen. Zwou Persoune goufe bei deem Accident verwonnt.

20 Minutte méi spéit war et en Accident op der N2 tëscht Réid an Aassel. Hei waren zwee Autoen anenee gerannt. Dräi Persoune goufe blesséiert.

Quasi ëm déi selwecht Zäit gouf et och 3 Blesséierter bei engem Accident op der N10 tëscht Biwels a Veianen. Hei war en Automobilist mat sengem Gefier an e Fiels gerannt.

Kuerz no 19 Auer gouf an der Stad an der Rue Charles Darwin eng Persoun vun engem Moto ugestouss. Eng Persoun ass bei dësem Accident verwonnt ginn.

Nieft all deenen Accidenter hunn d’Pompjeeën awer och nach eng Partie Kéiere mussen eraus an den Asaz, esou zum Beispill an der Stad an der Rue Jean-Pierre Probst, wou eng Poubelle gebrannt hat.

Zwee Bränn an der selwechter Strooss, bannent just 20 Minutten

Direkt zwee Bränn gouf et dann zu Diddeleng an der Rue de Volmerange, dat bannent 20 Minutten. Géint 20.15 Auer huet eng Camionnette do gebrannt a just 20 Minutte méi spéit war et en Asaz well an der selwechter Strooss eng elektresch Verdeelerkëscht gebrannt hat.

Back to Top
CIM LOGO