CSV-Süd BezierkskongressFrançoise Kemp nei CSV-Bezierkspresidentin am Süden

RTL Lëtzebuerg
Si iwwerhëlt domat vum aktuelle President a Kielener Conseiller Guy Breden.
© Christophe Hochard / RTL

Déi 34 Joer al CSV-Deputéiert, Diddelenger Conseillère a Co-Generalsekretärin Françoise Kemp ass um Méinden Owend um Kongress zu Déifferdeng mat ronn 97% vun de Stëmmen als nei Südbezierk-Presidentin gewielt ginn. Si iwwerhëlt domat vum aktuelle President a Kielener Conseiller Guy Breden. Et gouf keng Géigekandidatur.

Déi nei Presidentin vum Südbezierk ass nieft hirer neier Charge jo aktuell och zesumme mam CSV-Deputéierten Alex Donnersbach Co-Generalsekretärin vun der CSV. Ob si op dësem Poste viru fiert, ass den Ament nach net gewosst.

Back to Top
CIM LOGO