DummeldengBrand an der "Hostellerie du Grünewald"

RTL Lëtzebuerg
Géint 11 Auer e Mëttwoch de Moie gouf de Brand beim 112 gemellt, d'Pompjeeë ware séier op der Plaz a konnten de Brand séier an de Grëff kréien.
© Domingos Oliveira (RTL)

Wéi d’Police matdeelt, soll et am Restaurant an engem Heizungsraum gebrannt hunn. D’Persounen am Gebai, dat an der Iechternacher Strooss ass, goufen evakuéiert, et soll keen zu Schued komm sinn. D’Strooss war wéinst dem Asaz gespaart.

Back to Top
CIM LOGO