RëmelengBuergermeeschter bleift den Henri Haine vun der LSAP
RTL Lëtzebuerg
Déi zwee LSAP-Schäffen heeschen Elvedin Muhovic an Jimmy Skenderovic.
Update: 14.06.2023 20:28
Den Henri Haine, aktuelle Buergermeeschter vu Rëmeleng, huet d’LSAP nees an d’absolut Majoritéit gefouert. Op Nofro huet hie confirméiert, datt hie fir wieder 6 Joer op deem Poste well bleiwen.