Tëscht dem Préizerdaul a FolschtBuschauffer verléiert Kontroll iwwer säi Gefier, Streck huet musse gespaart ginn

RTL Lëtzebuerg
De Moment vum Accident war ausser dem Buschauffer keen am Gefier. De Chauffer selwer gouf och net blesséiert.
© Domingos Oliveira / RTL

Tëscht dem Préizerdaul a Folscht (CR 116) huet e Buschauffer e Samschdeg de Moien aus bis ewell ongekläerte Grënn d’Kontroll iwwer säi Gefier verluer, ass vun der Strooss ofkomm a säitlech am Gruef gelant. Beim Accident ass keng Persoun blesséiert ginn.

D’Streck huet musse gespaart ginn, well de Bus mat engem Kran aus dem Gruef huet musse gehuewe ginn. An Tëschenzäit ass d’Streck nees op.

© Domingos Oliveira / RTL

Back to Top
CIM LOGO