"Natierlech zitt d'Regierung nach un engem Strang", sot d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg en Dënschdeg de Moien. Si war eis Invitée vun der Redaktioun an huet ënner anerem iwwer déi méi ëmstridden Industrie-Projete vun enger Joghurtsfabréck an enger Steewollfabréck geschwat. Et wär gutt, datt elo eng Diskussioun gefouert gëtt. Et géif versicht ginn, sech eng gemeinsam Strategie ze ginn, Stéchwuert Rifkin.
Bei den 2 Fabrécken stellt sech d'Fro, wou d'Grenzen erreecht sinn; eng Grenz am Beräich Drénkwaasser, awer och am Impakt op d'Ofwaasser. Bei der Steewollfabréck wäert een zu Lëtzebuerg de Plafong am Beräich vun der Loftqualitéit erreechen.
D'Bierger géife sech och erwaarden, datt d'Regierung Choixen trëfft, mengt d'Ëmweltministesch. Si wéilt sech éischter fir eng méi innovativ, méi nohalteg Industrie staark maachen. Eis Ressourcë wäre begrenzt, den Terrain limitéiert. Dofir kéint een net egal wéi eng Industrie huelen, déi dann och un eis Grenze géif goen a wou aner Betriber da missten zeréckstoen.
D'Prozedure wären eréischt ganz am Ufank, nach kéint een net soen, ob déi zwee Betriber d'Genehmegung kréien oder net, sou d'Carole Dieschbourg.
Si hätt eng ganz gutt Relatioun mam Wirtschaftsminister Etienne Schneider an et wär ganz normal, datt eng Ëmweltministesch an e Wirtschaftsminister sou Diskussioune féieren.
Ob dem Etienne Schneider seng Remark a Florida ugeschwat, wéi de Militärsatellit eropgeschoss gouf: Wat soll d'Carole dozou soen? Déi Ofgasen, déi Emissiounen, si hätt déi Remark éischter witzeg fonnt a wär frou, datt de Wirtschaftsminister grad an esou engem Moment u si denkt. Dat géif weisen, datt ee vill zesumme schafft.
Invitée vun der Redaktioun en Dënschdeg de Moie war d'Ëmweltministesch.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren