Consultativ MënscherechtskommissiounCCDH recommandéiert Iwwerschaffe vum zweete Kapitel vun der Verfassung

RTL Lëtzebuerg
D'CCDH kënnt zur Conclusioun, datt zënter der éischter Propos vum Reformtext am Joer 2009 vill u Qualitéit an Déift verluer gaangen ass.
© RTL

Déi consultativ Mënscherechtskommissioun, kuerz d’CCDH, ass net zefridde mat der Revisiounspropositioun vum zweete Kapitel vun der Verfassung, der Propositioun 7755, an där et ëm Rechter a Fräiheete geet. Dat ass déi drëtt Etapp vun der Reform. Dat erkläert si an engem kriteschen Avis, dee si elo virgestallt huet. Si kënnt zur Conclusioun, datt zënter der éischter Propos vum Reformtext am Joer 2009 vill u Qualitéit an Déift verluer gaangen ass. Fir hire President bleift eppes wéi e Fléckenteppech, e Puzzle, wou ënnerwee Stécker verluer gaange sinn.

Avis CCDH iwwer Verfassung / Reportage Dany Rasqué

Als Beispill nennt de Gilbert Pregno de Kampf géint d’Aarmut. Dee steet an der aktueller Verfassung, am neien Text wier en awer net méi erëm ze fannen. “Onverständlech” nennt de Gilbert Pregno dat.

D’Mënscherechtskommissioun ass enttäuscht iwwert den Text, wéi hir Juristin Rhéa Ziadé explizéiert: “D’CCDH bedauert wierklech déi minimalistesch Approche vum Constituant, fir d’Kapitel iwwert d’Mënscherechter ze reviséieren. Et war eng eemoleg Geleeënheet, fir en neien an inklusiven Text ze proposéieren, dee méi e grousse Schutz vun de Mënscherechter kéint ubidden. D’Resultat ass awer leider, datt de Schutz an der nationaler Constitutioun op ville Plazen ënnert dem Niveau ass, vun deem an den europäeschen an internationale Konventiounen.”

D’CCDH gesäit eng Rei Problemer fir spezifesch Mënscherechter, wann dës Versioun vum Text géif zeréckbehale ginn. Just eent dovunner ass de Prinzip vun der Gläichheet virum Gesetz. De Gilbert Pregno:

“Wat mech am meeschte schockéiert huet, ech schumme mech bal, dat ass, datt an deem Text steet, datt d’Lëtzebuerger gläich si virum Gesetz. Dat heescht, déi aner 300.000 Leit, déi hei am Land wunnen, eis Noperen, déi Leit, déi mer begéinen, déi aus dem Ausland kommen an awer hei integréiert sinn, vun deenen ass net rieds. Dunn hunn ech mech gefrot: ass dat d’Marque Nationale? Ass dat Nation Branding?”

Et wier, fënnt de President vun der Mënscherechtskommissioun, éischter eng Beleidegung fir d’Demokratie, fir eis Kultur an d’Zesummeliewen. An den Ae vun der CCDH ass et net ze spéit nozebesseren. Si recommandéiert dat onbedéngt ze maachen, fir datt Lëtzebuerg eng Verfassung kritt, déi eng modern Demokratie brauch.

© RTL

RTL News: Zweet Kapitel iwwer Staatsform, Monarchie, Symboler a Regierung gouf ugeholl

Back to Top
CIM LOGO