Vun e Sonndeg op e MéindegCGDIS mellt fënnef Blesséierter bei sechs Accidenter

RTL Lëtzebuerg
Vun e Sonndeg op e Méindeg mellt de CGDIS fënnef Blesséierter bei insgesamt sechs Accidenter ueschter d'Land.
© Jeannot Ries

De CGDIS mellt um Méindegmoien eng ganz Rëtsch Accidenter mat insgesamt fënnef Blesséierten. Um kuerz virun 18:30 Auer e Sonndeg koum et zu enger frontaler Kollisioun tëscht zwee Autoen, dat tëscht Nidderfeelen an Heischent. Hei gouf eng Persoun verwonnt.

E weidere Blesséierte gouf et um 19:30 Auer, nodeems en Auto an e Gruef gefuer ass, dat an der Géigend vum Rond-point Gluck. Op der Rue d’Asselborn zu Ëlwen ass en Automobilist an e Verkéiersschëld gerannt a blesséiert ginn, dat géint 20:15 Auer.

Zwee weider Gefierer sinn op der A6 tëscht Capellen an dem Briddel aneneegerannt, och hei gouf et ee Blesséierten. Um CR176A tëscht Nidderkuer a Lasauvage gouf dann nach en Automobilist verwonnt, deen an e Bam gerannt ass.

E leschten Accident gouf et kuerz virun 23 Auer op der A31, allerdéngs gouf hei kee blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO