
Déi lescht Reform ass 10 Joer hir a sollt u sech dofir suergen, datt d‘Präisser erofginn. Dat ass awer net geschitt, esou datt elo nogebessert gëtt. Bis 2030 soll de Marché vun den Taxie liberaliséiert ginn, dat heescht datt d‘Zuel vun den Taxi-Lizenzen net méi begrenzt ass. Ma eng Präisbaisse erwaart een sech bei der Chambre des métiers doduerch net. Dofir misst d‘Auslaaschtung vun den Taxien eropgesat ginn, wéi de Gilles Walers erkläert.
„Dat bréngt da mat sech, dass wann ee méi Taxien huet, d’Auslaaschtung natierlech och deementspriechend erofgeet an dann d’Taxispräisser mechanesch deementspriechend eropginn. Also versti mer net esou ganz déi Approche vum Ministère, fir hei souwuel d’Fraisen ze erhéijen, wéi och d’Disponibilitéit vun den Taxien wëllen ze erhéijen, andeem et méi Taxië ginn. Dat alles wäert net dozou féieren, dass d‘Präisser erofginn.“
Am Gesetzesprojet ass virgesinn, datt Vermëttler-Plattformen, wéi Uber oder Bolt, e staatlechen Agrément brauchen, fir kënnen zu Lëtzebuerg benotzt ze ginn. Dës mussen sech un eng Rei Reegelen halen, wéi zum Beispill, datt d‘Präisser am Virfeld vun der Faart festgehale ginn an datt si just mat Chaufferen zesummeschaffen, déi eng Lizenz hunn.
Ma ze vill Konkurrenz wier och kontraproduktiv, fënnt ee bei der Federation des Artisans. De Risiko dobäi wier, datt da ganz vill Chaufferen als Independant Taxi fueren, gëtt de Christian Reuter ze bedenken.
„Mir denke schonn, dass vill Leit, déi haut Salariéë sinn, dat probéieren. Mir gesinn dat och am Ausland, wou dat geschitt. Do gesi mer och e Pic vun den Independanten. An dann, dass d’Betriber do Problemer kréien. An dass dann awer déi Independanten a ganz prekäre Situatiounen musse schaffen, well déi hu keen Aarbechtsrecht, déi hu keng Convention collective. Do héiere mer vu Fäll am Ausland, do schlofen d’Leit am Auto. Also do komme ganz komesch Situatiounen op eis duer.“
Allgemeng fillt een sech am Secteur net gehéiert. Et hätt een eng ganz Rei Propose gemaach, fir de Service ze verbesseren. Dorënner d‘Festleeë vu maximalen a minimale Präisser oder connectéierten Taximeteren, mat deenen een d‘Anhale vum Aarbechtsrecht besser kéint kontrolléieren. Ma keng vun dësen Iddien wier zeréckbehale ginn.