Changementer am Index WuerekuerfHarmonisatioun op EU-Niveau

Dany Rasqué
De Statec huet den Index Wuerekuerf moderniséiert, fir datt e méi no un déi reell Konsumgewunnechte vun de Stéit erukënnt.
© AFP Archivbild

Dat ass näischt Aussergewéinleches, well dee Kuerf an deem an Tëschenzäit iwwer 100.000 Wueren dra sinn, gëtt all Joers liicht ugepasst, esou wéi dat och an engem groussherzogleche Reglement festgehalen ass. Mat den Ännerungen, déi elo a Kraaft getruede sinn, kann een d’Land awer besser mat deenen aneren EU-Membere vergläichen.

Changementer am Index Wuerekuerf / Reportage: Dany Rasqué

Dat war bis elo bëssen anescht, well et keng eenheetlech Reegele gouf. D’Inflatioun gëtt jo an all Land gerechent, mä bis elo net op déi selwecht Manéier an dofir war et bis elo schwéier, déi eenzel Inflatiounstauxe mateneen ze vergläichen. Genee dat ännert elo, wéi de Marc Ferring vum Statec seet.

“Do huet dann Eurostat, den europäesch Statistikinstitut, dann eng nei Klassifikatioun ausgeschafft an déi applizéiere mir dann och elo eeben dëst Joer, souwéi alleguer an den anere Länner, datt och dëst Joer geschitt. Et sinn e puer nei Kategorien derbäi komm oder et si Saache frësch klasséiert ginn.”

D’Wuere goufe bis elo och net iwwerall d’selwecht klasséiert. Do nennt de Marc Ferring d’Beispill vun der Smart Watch.

“D’Smartwatch war an enge Länner bei de klasseschen Auere klasséiert, bei den anere Länner war dat bei de Sportartikele klasséiert oder bei den Handyen an elo gëtt et an engem europäeschen Niveau eng eege Kategorie fir déi Smartwatchen, do richteg ze klasséieren, fir dass an all Land dat nämmlecht klasséiert gëtt an och nämmlecht berechent gëtt.”

Dës Changementer hu weder Auswierkungen op d’Inflatioun, nach op eng zukünfteg Indextranche, mä se brénge méi Kloerheet an deen een oder anere Produit kann duerch dës Reegelen elo an de Wuerekuerf dobäi kommen.
Zum Beispill d’Glécksspiller.

“D’Stéit gi Suen aus fir Lotto ze spillen oder Rubbellousen ze kafen, esou datt se an de Wuerekuerf gehéieren. Et gouf op europäeschem Niveau bis elo awer nach keng Methodologie entwéckelt fir déi richteg ze suivéieren. Do geet et net einfach duer, fir de Präis vun engem Rubbellous opzeschreiwen, well d’Leit kënne jo och eppes gewannen. Dat muss mat en compte geholl ginn.”

D’Glécksspiller hunn eng Gewiichtung vun 0,7 Prozent. D’Liewensmëttel hunn do mat 14 Prozent däitlech méi e groussen Impakt. Och d’Loyeren. Eng aner wichteg Roll spillen de Sprit, de Stroum an och de Gas. An deem alleréischte Wuerekuerf vun 1921 ware grad emol 17 Produiten. Dat huet sech an Tëschenzäit geännert.

“Op där enger Säit hu mer eis traditionell Enquête, wou eis Enquêteuren dann an d’Geschäfter ginn, oder iwwer Telefon respektiv Email d’Präisser nofroen. Dat sinn ongeféier 7.500 Produiten, déi mer all Mount esou opschreiwen.”

Dat ass awer nach laang net alles. Zënter enger Rei Jore schécken d’Supermarchéen d’Präisser vun hire Produiten un de Statec an dat sinn eng 100.000 Stéck.

Back to Top
CIM LOGO