Déidlechen Accident op der A1 am September 2023Fuerverbuet vun annerhallwem Joer a Geldstrof fir Camionschauffer

RTL Lëtzebuerg
Den Ugekloten hat sech wéinst de Reprochen onfräiwëllegen Doutschlag an onfräiwëlleger Kierperverletzung musse viru Geriicht veräntwerten.
© Domingos Oliveira

E Fuerverbuet vun anerhallwem Joer an eng Geldstrof vun 1.500€, gekoppelt un Dedommagementer an Héicht vu méi wéi enger hallwer Millioun Euro, esou d’Uerteel géint e Camionschauffeur, deen am September 2023 op der Tréierer Autobunn eng Schëlder-Bréck mat ewechgerappt hat, déi doropshin op d’Autobunn gefall war. Eng Persoun war deemools ëm d’Liewe komm.

De Camion hat zu deem Ament d’Benne erop. Den Ugekloten hat sech wéinst de Reprochen onfräiwëllegen Doutschlag an onfräiwëlleger Kierperverletzung musse veräntwerten. Experten nennen en technesche Feeler um Camion an Onvirsiichtegkeet vum Chauffeur als Grond vum Accident.

D’Kolleege vum Wort schreiwen e Méindeg, dass eleng d’Ponts-et-chaussées wéinst der futtisser Schëlder-Bréck an den domat verbonnen Aarbechten, iwwert eng hallef Millioun als Entschiedegung ze gutt huet. Derbäi komme Prozedur-Käschten vu gutt 36.000 €. Iwwert eng weider Demande op Dedommagementer hunn d’Riichter eng weider Expertis ugefrot.

Back to Top
CIM LOGO