Jacqueline De Valentin-Bourg: e Liewe laang fir Veräiner aktiv"Meng Mamm huet ëmmer déi éischte Gei gespillt"

Christophe Hochard
Bal 60 Joer ass d'Jacqueline De Valentin-Bourg zu Miersch benevol aktiv. Fir d'Musek an den Dëschtennis schléit hiert Häerz.
Jacqueline De Valentin-Bourg: e Liewe laang fir Veräiner aktiv
Bal 60 Joer ass d’Jacqueline De Valentin-Bourg zu Miersch benevol aktiv. Fir d’Musek an den Dëschtennis schléit hiert Häerz.

D’Jacqueline De Valentin-Bourg ass gebierteg vu Miersch a wunnt och haut nach ëmmer do. Mat hiren 68 Joer ass si och nach ganz aktiv. An zwee Clibb, der Mierscher Musek an dem Dëschtennis Recken/Miersch.

1968 ass si an d’Mierscher Musek komm. Dat war deemools eng Revolutioun. D’Jacqueline war nämlech dat éischte Meedchen, dat viru bal 60 Joer do am Club aktiv gouf. “Mäi Papp war an der Mierscher Musek an dës Passioun huet sech op seng Kanner ofgefierft. Meng Schwëster a mäi Brudder maache Musek. A mëttlerweil sinn och mäi Meedchen an Neveuen an der Musek aktiv”, sou d’Jacqueline De Valentin-Bourg am RTL-Interview.

“1968 sinn déi éischte Meedercher an d’Musek komm. Dunn hunn déi dierften. An och am Comité war ech déi alleréischten Damm. Dat war och net ëmmer esou einfach mat deenen eeleren Hären”, erzielt mir d’Jacqueline mat engem grousse Grinsen am Gesiicht.

“Lëpsen net gemaach fir den Oboe”

Dëst huet d’Jacqueline De Valentin-Bourg deemools gesot kritt, wéi et drëms goung, en Instrument erauszesichen. “Oboe hat ech erausgesicht. Well dëst Instrument awer am Stock gefeelt huet, hunn ech als Begrënnung gesot kritt, meng Lëpse wären net fir den Oboe gemaach. Am Schaf loung deen Ament nach eng Klarinett an ech hu mir dunn déi geholl.”

“1991 d’Mierscher Musek gerett”

1991 ass d’Jacqueline dem Comité bäigetrueden. Et war e schwieregt Joer fir de Veräin. “De komplette Comité ass deemools ausernee gefall. Just ech si beim Dësch sëtze bliwwen. Doduerch ass d’Mierscher Musek virugaangen.” 1991 huet si de Poste vum Sekretär iwwerholl.

Besonnesch flott wier et an der Musek och, d'Kanner grouss ginn ze gesinn
Vill Kanner géing d’Jacqueline De Valentin-Bourg an der Museksschoul gesinn. Bemol wieren dës grouss a sëtzen nieft engem um Pult.

“Mierscher Musek an Dëschtennis”

Am Joer 1976 ass d’Jacqueline De Valentin-Bourg och am Pingpong, also dem Dëschtennis, aktiv. Zanter 50 Joer huet si eng Lizenz. 2006 huet si de Sekretärsposten iwwerholl. “Dat lescht Joer hunn ech gesot ,ech géif nach just d’Sekretariat maachen, d’Buvette oder d’Béi owes wärend dem Championnat. Dat alles gëtt mir soss awer e bëssi ze vill. Iergendwa geet et awer mol eng Kéier duer.” Zanter dem 31.Mäerz 2018 huet déi ganz passionéiert Fra d’Pensioun. Als Sekretär-Comptabel huet si um Kierchbierg geschafft.

Bei esou vill Engagement muss ee sech eben andeelen
Och wa si hiren Dag haut besser andeele kann, hätt si hir vill Engagementer och fréier scho gutt geréiert kritt.

“Benevole vum Joer 2025"

D’Jacqueline De Valentin-Bourg gouf zejoert fir hiert Engagement an de Clibb mam “Prix du Mérite du Bénévolat” ausgezeechent. “Am November, wéi déi zwee Presidente vum Dëschtennis an der Musek viru menger Hausdier stoungen, sinn ech gewuer ginn, datt ech fir dëse Präis nominéiert wär.” Ganz houfreg erzielt si mir dat. “Wat hues du dann elo verbrach?” Dat waren déi éischte Gedanken, déi dem Jacqueline duerch de Kapp goungen, wéi déi zwee Presidenten un hirer Dier geschellt hunn. Am Juli wärend enger Comitéssëtzung, un där d’Jacqueline net deelhuele konnt, gouf si proposéiert.

D'Iwwerreechung vum "Prix du Mérite du Bénévolat" war ganz besonnesch fir si
Hiren Numm um Ecran stoen ze gesinn an e Präis vun der groussherzoglecher Koppel iwwerreecht ze kréien, war fir d’Jacqueline De Valentin-Bourg ganz speziell.

Back to Top
CIM LOGO