
De CGDIS ass fir den nationale Stock responsabel, deemno och fir d'Verdeelung vun de 27 Millioune Masken un déi 102 Gemengen am Land.
10 Ween vum CGDIS a 40 Pompjeeën, dorënner Volontairen a Professioneller, waren am Asaz, fir d'Masken ze verdeelen.
De CGDIS steet de Gemengen dann och an enger zweeter Phas zur Verfügung, fir d'Masken un d'Bevëlkerung ze verdeelen.