
Wéi et an der Affär ronderëm déi zréckgetrueden Ëmweltministesch Carole Dieschbourg weidergeet, entscheet sech an der Chamber. Hir gëtt jo ënner anerem Favoritismus vis-a-vis vum fréieren Député-Maire Roberto Traversini an der Gaardenhaischen- Affär virgehäit.
Vun enger Mise en Accusation vun der Ex-Ëmweltministesch Carole Dieschbourg wollt e Méindeg den Owend an der Chamber nach kee sou richteg schwätzen. Bis dohinner ass et nach e Stéck, an um Wee ginn et nach e puer Froen, déi musse beäntwert ginn, falls et wierklech esouwäit sollt kommen.
De Ball läit den Ament bei der Chamber. Mee dat nach net, fir iwwer eng Mise en Accusation ze decidéieren. Fir d’éischt muss emol entscheet ginn, d’Police judicaire ze beoptragen, fir d’Ex-Ministesch Carole Dieschbourg ze héieren. Sou wéi si sech et och gewënscht huet. Déi Gréng Fraktiounspresidentin Josée Lorsché kënnt zu der Conclusioun, datt d’Parteikolleegin bis elo net equitabel behandelt gi wier:
“Deen Dossier, wou si selwer betraff ass, kënnt si net, an huet en selwer nach net ze gesi kritt. An dofir si mir eis eens ginn, datt mir als Chamber der Police judiciaire den Optrag ginn, si ze héieren.”
Ier dat awer geschitt, wäerten net nëmmen déi Deputéiert aus dem Chamberbüro an der Conférence des Présidents en Abléck an den Dossier kréien, mee all Deputéierten. De CSV-Co-Fraktiounspresident Gilles Roth erkläert den Detail.
“Et schéngt sech erauszeschielen, datt d’Chamber an abseebarer Zukunft deen Dossier eng Kéier à huis clos diskutéiert. An dann an ëffentlecher Sitzung eng Resolutioun hëlt. Fir datt zum Beispill de Procureur oder d’Police judicaire ka beoptraagt ginn, fir d’Ministesch ze héieren.”
Wann d’Police elo géing weider enquêtéieren, géing se sech nämlech wéinst de Bestëmmungen, déi an der Verfassung a Kraaft sinn, strofbar maachen. Dofir huet de Procureur General sech un d’Chamber adresséiert. Wat bis heihi kloer schéngt, bleift et awer fir weider Schrëtt net. De Piraten-Deputéierte Sven Clement:
“D’Chamber muss emol déi Auditioun lancéieren, e Rapport vun der Police judiciaire gesinn, an da muss mer weider gesinn. Well fir mech stinn no der Lecture vum Dossier nach eng ganz Rëtsch Froen op.”
Zum Beispill, wat no der Auditioun vum Carole Dieschbourg passéiert. Kann d’Chamber weider Beweisunträg stellen? Brauch ee fir esou eng Decisioun eng Majoritéit? All déi Deputéiert erënneren drun, datt bis op Weideres d’Présemption d’Innocence gëllt, och de Sven Clement:
“Ass do eppes drun, bleift do eppes hänken, oder hunn hei nëmmen e puer Leit der Madamm Dieschbourg béis gewollt an hier Saachen ënnerstallt, déi se u sech guer net gemaach huet?”
Och dat ass nämlech nach ëmmer eng Méiglechkeet, déi opbleift. Um Enn kann et also zu engem Klassement vun der Affär kommen, oder den Dossier gëtt un d’Cour supérieure de justice weidergeleet, déi dann hier Aarbecht mécht.
Och den DP-Chamberpresident Fernand Etgen seet, datt d’Chamber de Pouvoir d’Enquête hätt, an datt misst den Ament onbedéngt d’Présomption d’Innocence an de Secret vun der Instructioun garantéiert bleiwen.
“Dat ass eis op jidder Fall wichteg. Ex-Ministesch huet e Recht op eng komplett Enquête, an et ass wichteg, datt mer si elo mol fir d’éischt héieren. Dofir muss elo mol all Deputéierten en Accès an den Dossier kréien. An mer hunn eng éischt Etapp definéiert, wou d’Chamber an enger Plenière à huis clos per Resolutioun decidéiert, direkt d’Police judicaire ze chargéieren, fir d’Madamm Dieschbourg ze auditionnéieren. Et ass wichteg, datt déi Instruktioun da vun de selwechte Leit gemaach gëtt, déi an der Affär vum Deputéierten Traversini enquêtéiert huet.”
Wéi et géing weider goen, wann et zu enger Mise en Accusation géing kommen, kéint hien nach net soen. Et wier elo nach ze fréi doriwwer ze schwätzen. Dat dote wier emol eng éischt Etapp, an da misst een au fur et à mesure kucken.
Le Bureau et la Conférence des Présidents réunis les 25 Avril 2022 ont retenu que la Chambre dispose du pouvoir d’enquête.
Ils ont précisé que la Ministre a droit à une enquête complète, dans le respect de la présomption d’innocence et du secret de l’instruction.
Tous les députés auront accès au dossier.
Une résolution chargeant la police judiciaire d’auditionner Carole Dieschbourg sera soumise aux députés siégeant dans une séance plénière à huis clos.
De Büro vum Parlament hat en internen Avis juridique ugefrot, fir ze klären, ob d’Demissioun vun der Ministesch en Impakt op déi juristesch Prozedur hätt oder net.
De Premier Xavier Bettel sot e Méindeg am Moiesjournal, dass hien d’Decisioun vum Carole Dieschbourg, fir ze demissionéieren, géif respektéieren. De Choix, wien elo d’Successioun iwwerhëlt, läit awer bei der grénger Partei, esou de Premier. Hie rechent domat, dass een an den nächsten 2 Wochen wéisst, wie bei de Gréngen d’Carole Dieschbourg wäert remplacéieren. Aktuell mécht den Energieminister Claude Turmes den Interim.
Mat hirem Récktrëtt leschte Freideg wollt d’Ëmweltministesch eegenen Aussoen no verhënneren, datt d’Chamber weider Zäit géif mat der Affär Gaardenhaische verléieren. Ob dës Rechnung opgeet, ass awer net esou kloer.
Mir hunn eis am Virfeld mam Jean Bour, pensionéierte Procureur d’Etat, iwwer seng Aschätzung vun der Situatioun ënnerhal.
D’Artikelen 82 an 116 an der Verfassung gesi jo vir, datt bis ewell eenzeg an eleng d’Chamber e Regierungsmember ukloe kann. D’Texter wieren aus der belscher Verfassung ofgeschriwwe ginn. Deemno misst sech dem Jean Bour no op déi belsch Jurisprudenze beruff ginn, fir ze decidéieren, ob d’Chamber nom Récktrëtt vun der Ëmweltministesch nach ëmmer zoustänneg bleift, fir eng Uklo ze formuléieren. An dat wär de Fall, seet de fréiere Procureur.
Spezialprozedur an der Chamber illegal
Gläichzäiteg wier dës Spezialprozedur an der Chamber awer illegal, och wa se an der Verfassung festgehalen ass. Se wier nämlech contraire zu der Mënscherechtskonventioun, ënnersträicht de Jean Bour: “där no huet jiddereen d’Recht op e Strofverfare virun engem onofhängege Geriicht, net virun der Chamber.”
Dat gëllt also och fir e Minister.
Änlech Situatioun 2012 an der Affär Wickreng-Léiweng
2012 schonn hat d’Chamber an der Affär Wickreng-Léiweng op eng Uklo géint den deemolege Wirtschaftsminister Jeannot Krecké verzicht. Mat den Argumenter, datt an engem Rechtsstaat keng Konfusioun dierft entstoen tëscht Parlament a Justiz. Eng Uklo, och géint e Minister, kéint eenzeg an eleng vun der Justiz gemaach ginn. Ausserdeem wier dat vereelzt Gesetz am Gaang, iwwerschafft ze ginn.
Texter goufen trotz Opfuerderung net ugepasst
De pensionéierte Procureur d’Etat bedauert, datt dat awer bis haut net geschitt wier. Obwuel de Conseil d’Europe, d’OECD an och de Greco Lëtzebuerg ëmmer nees drop opmierksam gemaach huet an och d’Belsch hir Texter schonn iwwerschafft hätt.
“De Greco seet eis säit Jore schonn schaaft dat of, well wann e Minister géif bestach ginn, wéi wëllt dir deem bäikommen?”
Sollt nämlech d’Chamber de Ball elo zréck bei d’Justiz spillen, kéint dat bedeiten, datt an der Affär Gaardenhaischen den Dossier Dieschbourg am Sand verleeft.
Jean Bour: “Wann d’Chamber seet nee, nee déi Gromper do ass fir d’Justiz, mee d’Justiz decidéiert, fir d’éischt mol, ob se zoustänneg sinn. A wa se net zoustänneg sinn, ass dat, wat d’Chamber seet, quiitschegal.”
Eng Situatioun, déi kengem entgéint kéim, och net der demissionärer Ëmweltministesch. Wuel kéint et net zu engem Scholdsproch kommen, awer eben och net zu engem Fräisproch. Vläicht wier et mol net zu enger Uklo komm... D’Vertrauen an d’Politik iwwerdeems kréich eng weider Téitsch bäi.
Datt elo réischt, nom Récktrëtt vun der Ëmweltministesch Carole, e juristeschen Avis ausgeschafft gouf, doriwwer kann de Jean Bour nëmmen de Kapp rëselen. Deen Avis hätt a sengen A scho laang misste bestoen.