
Dat huet de Familljeminister Max Hahn an der zoustänneger Chamberkommissioun annoncéiert, wou d'Inspection Générale des finances de Rapport presentéiert huet iwwer den Audit, dee si beim ONA gemaach huet.
D'Administratioun, déi aktuell net manner ewéi 9.000 Leit betreit, déi op Lëtzebuerg geflücht sinn, brauch deemno en neien Direkter. An den nächste Woche gëtt de Posten ausgeschriwwen. Déi Persoun misst der IGF no zesumme mat de politesche Responsabele respektiv eventuell externen Experte gréisser Changementer virhuelen, obwuel den ONA generell gesi seng Missiounen haut schonn erfëllt.
Gréissten Erausfuerderung wär déi chronesch Saturatioun vun de Strukturen, betount d'IGF. Trotz enger quasi Verdueblung bannent 6 Joer op iwwer 8.200 Better, ass net genuch Plaz. D'Strukture wären ze konzentréiert an nëmmen e puer Gemengen. Dacks wäre se net am allerbeschten Zoustand. D'Partner vum ONA, ewéi zum Beispill ONGen, hätten net déi selwecht Qualitéitsstandarden. Do ass also op alle Fall Verbesserungspotential. Den ONA misst méi Strukturen iwwer d'Land verdeelen. Dofir ass d'Administratioun ofhängeg vun de Gemengen. Den Direkter Yves Piron huet si opgeruff, solidaresch ze sinn an och Strukture fir Refugiéeë virzegesinn.
Aus dem Rapport geet och ervir, dass de legale Kader vum Office national de l'accueil muss un déi nei Realitéit adaptéiert ginn. Migratiounskrise missten antizipéiert ginn: méi Aktioun, manner Reaktioun. Dofir bréicht et dokumentéiert Noutfall-Prozedure grad ewéi laangfristeg Strategien. Der IGF no wär dem ONA a sengem Fonctionnement gehollef, wann d'Hierarchie méi breet opgestallt a manner zentraliséiert wär. Et misst kloer ginn, wie wat ze maachen an ze decidéieren hätt. Iwwerdeems géifen déi iwwer 70 CDDen ënnert de ronn 300 Agenten e Risiko bedeiten: wichtegen Know-How géif ëmmer nees verluer goen. De Rapporter Marc Vanolst huet och d'informatesch Systemer ernimmt: déi verschidden Outile misste besser connectéiert sinn, fir dass si zesumme fonctionéieren. Wat d'Finanzen ugeet: d'IGF huet keng duebel Finanzementer festgestallt, wat awer net heesche géing, dass de Risk dofir net géif bestoen. Bei méi klengen Depensë recommandéiert d'IGF manner streng Kontrollprozeduren, fir dass den ONA méi séier schaffe kann. Iwwerdeems kéint een am Sënn vun der administrativer Vereinfachung iwwer de Paiement immédiat direct fir Dokteschrechnunge vun de Refugiéen nodenken.
Fir de Familljeminister Max Hahn ass dëse Rapport eng Zort "Gebrauchsanweisung", fir den ONA déi nächst Joren ze verbesseren. Fir den Direkter Yves Piron bitt en eng wichteg Orientatioun. Hien huet awer betount, dass seng Ekippen déi lescht Krise gutt gemeeschtert hätten.
Den CSV-Deputéierte Jean-Paul Schaaf resuméiert d‘Presentatioun vum Rapport esou:
“Op Franséisch géif een soen: 'il y a du pain sur la planche'. Mir hunn den Audit jo elo net a senger Komplexitéit ganz kënne liesen. Mee ech muss awer soen, ech si frou, datt deen Audit gemaach ginn ass.”
Den eigentleche Problem mat den iwwerfëllte Strukturen ass dem Marc Baum no:
“Wéi gi mir mat deene Leit ëm, déi de Statut hunn, déi also Refugiéë sinn, déi eigentlech net méi missten an de Strukture sinn an déi einfach iwwerhaapt keng Méiglechkeet hunn, fir um éischte Wunnengsmaart iergendeppes ze fannen. A soulaang d'Regierung net bereet ass, do innovativ Léisungen ze sichen, wäerte mir dem Problem mat den iwwerfëllte Strukturen ëmmer nëmmen hannendru lafen.”
Den ADR-Deputéierten Dan Hardy proposéiert eng einfach Léisung géint déi iwwerfëllt Strukturen:
“Do muss ee sech natierlech awer och d'Fro stellen, ob et net och d'Ursaach ass vun enger e bësse verfeelter Politik, fir ëmmer alles eranzehuelen. Do hätt ee vläicht trotzdeem e bësse misse kucken, fir dat ze limitéieren, op wat fir eng Aart a Weis och ëmmer. Ech mengen, fir eis als ADR ass et wierklech eng Prioritéit, dass een eben déi Mënschen, déi Asyl froen, och mënschewierdeg kann ënnerbréngen. A wa mir dat net méi packen, deet et mer leed, ma da kënne mer eben net méi all Mënsch hei ophuelen.“
D‘Deputéiert vun déi gréng Djuna Bernard huet a Fro gestallt, ob aus fréieren Extremsituatiounen déi richteg Léiere gezu gi sinn:
„Verschidde Saachen, mengen ech, hätt ee misse schonn éischter an de Grëff kréien. Ech si lo gespaant, nach eng Kéier och de Verglach ze zéien tëscht de Constaten, déi 2014 gezu goufen an deenen, déi haut gezu gi sinn. Ech hunn e bëssen Angscht, dass verschidde Saachen nach ëmmer net geléist sinn. A grad de Fait, dass mir et net fäerdeg bréngen, aus enger Reaktioun erauszekommen an e strateegescht Handelen, mécht mir Suergen.“
Dat misst an Zukunft op alle Fall gemaach ginn. Der LSAP-Deputéierter Claire Delcourt war wichteg ze betounen, dass hirer Meenung no elo déi éischt konkret Mesurë séier misste kommen.