480 Millioune fir 800 LogementerLuc Frieden a Claude Meisch kucke sech d'Resultat vun hirer Logementspolitik um Terrain un

Dany Rasqué
Monica Camposeo
E Mëttwoch waren de Premier an de Logementsminister op Mäertert, fir sech hei de staatlechen Investment a Vefa-Projeten unzekucken.

Wat ass d’Resultat vun där Politik, déi d’Regierung mécht? Dat wollte sech de Premier Luc Frieden an de Logementsminister Claude Meisch e Mëttwoch ukucken, wéi se op Mäertert waren, wou de Staat e VEFA-Projet opkaaft huet. Et gouf jo eng staatlech Enveloppe vu 480 Milliounen Euro mat där ronn 800 Logementer kënne geschaaft ginn.

De Staat huet schonn eng ganz Partie Projete kaaft, esou datt vun deene 480 Milliounen Euro net méi all ze vill iwwereg ass. Et géif een awer mierken, datt et op där enger Säit nach ëmmer e grousse Besoin fir abordabele Wunnraum géif ginn an datt op där anerer Säit de Bausecteur an d’Handwierk och nach ëmmer Hëllef bréichten.

Dat kléngt no engem neie Mesurëpak fir de Logement, mä richteg konkret wollt de Claude Meisch net ginn. “D’Regierung ass amgaang, ze kucken, wéi mer nach eng Kéier kënnen dozou bäidroen, datt de Wunnengsmaart sech nei dynamiséiert, datt mer de Finanzement kënnen assuréiere vun deene Projeten, datt de Staat awer natierlech och weiderhin seng Aufgab wäert wouerhuelen, fir bezuelbare Wunnraum ze assuréieren, fir déi déi et wierklech brauchen. Dat kann och eng Win-Win-Situatioun sinn an d’Regierung beréit grad doriwwer.

Wéi de liberale Logementsminister dësen Interview ginn huet, huet och den CSV-Finanzminister vun engem neie Mesurëpak fir de Wunnengsbau geschwat. D’Wunnengen, déi de Staat keeft a baue léisst, gi jo an de staatleche Locatiounspark.

Back to Top
CIM LOGO