
Vum éischte Januar d'nächst Joer u ginn d'Allocatioune fir Famillje mat Kanner gehéicht. Den entspriechende Gesetzesprojet ass e Méindeg de Moien an der Chamberkommissioun presentéiert ginn. Fir e Kand bis 12 Joer geet d'Kannergeld ëm 45€ pro Mount an d'Luucht, fir Jonker ass et dann eng Hausse vu 60€.
Déi sougenannt Allocation de rentrée scolaire wäert am August 2027 fir Kanner vu 6 bis 11 Joer bei 175€ leien, vun 12 Joer u bei 325€.
En Gros huet sech d'Oppositioun zefridden domadder gewisen, dass d'Erhéijungen iwwert dem Referenzbudget leien, dee vum Statec ausgerechent gouf.
D'Claire Delcourt vun der LSAP huet ugemierkt, dass een d'Upassungen och réckwierkend hätt kënne maachen, wéi och am Avis vun der Chambre des Salarié proposéiert gouf. Dann hätt d'Allocatioun fir d'Rentrée scho fir dëse September u kënne gëllen.
Dorop huet de Familljeminister Max Hahn geäntwert, dass ee sech fir en Zäitpunkt hätt missen decidéieren. D'Prioritéit wier et gewiescht, d'Ännerunge virun der Steierreform ze maachen. Wa se Ugangs d'nächst Joer a Kraaft trieden, wier een do ëmmer nach ee Joer virun der Reform vun 2028.
Nieft den aktuellen Aidë kënnt vum nächste Joer un eng sozial cibléiert Hëllef fir scolariséiert Kanner dobäi. Jee no Revenu kann eng Famill bis zu 3.000€ d'Joer kréien.
Hei wier et wichteg gewiescht, de Stéit d'Hëllef och ze erméiglechen, wann de Salaire liicht iwwert dem Seuil läit, esou de Max Hahn. Dowéinst hätt een decidéiert, bis 40 Prozent iwwert de maximale Seuil vum Akommes erauszegoen, mat deem een nach eligibel ass. Da gëtt de Montant vun der Hëllef deementspriechend manner, mee et kéint een eben trotzdeem nach eppes kréien.
Der grénger Deputéierten Djuna Bernard no wieren dës Upassungen e Schrëtt an déi richteg Richtung. Et wéilt een elo am Ae behalen, wéi einfach dës Aiden bei de Leit ukommen.
Iwwerall do wou et geet, wéilt een d'Ausbezuelen och automatesch hikréien, esou den zoustännege Minister Max Hahn an der Kommissioun. Der Zukunftskeess no wier den Taux de non-recours aktuell awer quasi null. D'Kannergeld ufroe wier bei de Leit ganz selbstverständlech no der Gebuert vun engem Kand. D'Allocatioun fir d'Schoulrentrée ass dann och schonn automatiséiert a gëtt ëmmer am August ausbezuelt.
Dem Marc Baum vun déi lénk ass et wichteg, dass d'Kannergeld en universaalt Recht ass a bleift an deemno u jiddereen ausbezuelt gëtt. Dat géing och d'Acceptanz stäerken. Déi lénk begréissen de Gesetzesprojet, notamment well d'Hausse iwwert dem Budget de référence läit.