Mat engem knappen 1:0 géint Argentinien huet Spuenien sech e Sonndeg no 2010 den zweete Futtball-Weltmeeschter-Titel geséchert. No immens zéien 90 Minutten, an deenen d'Spuenier kloer d'Kontroll haten an d'Argentinier net eng eenzeg Kéier op de Gol geschoss hunn, ass dem Ferran Torres an der éischter Hallschent vun der Verlängerung de wuel verdéngten decisive Gol gelongen.
Um Enn konnt de spuenesche Kapitän Rodri, dee selwer zum Spiller vum Turnéier ernannt gouf, de prestigiéise Pokal an d'Luucht hiewen.
La Roja kommen e Méindeg nees zu Madrid un, wou sech iwwert eng Millioun Leit erwaart ginn, déi d'Ekipp vum Luis de la Fuente op hirem Retour zelebréieren. Och eng Audienz mam Kinnek Felipe VI an dem Premier Pedro Sanchez sinn ageplangt.
De spuenesche Verdeedeger Marc Cucurella huet iwwerdeems versprach, eng Wett anzeléisen a sech d'Gesiicht vum Trainer de La Fuente tätowéieren ze loossen.
Allerdéngs gouf et och traureg Nouvellen aus Spuenien, dat well en 13 Joer ale Jong bei de Feierlechkeeten ëmkomm ass. Berichter no wier hie gestuerwen, nodeems e Sprangbuer an de Koup gefall ass, well ze vill Supporter drop geklomme sinn.
Fir d'Argentinier war et éischter en Owend, fir ze vergiessen. De Lionel Messi huet sech wéineg um Terrain bemierkbar gemaach a seng Matspiller hu sech haaptsächlech duerch hier aggressiv Spillaart ausgezeechent. An der Nospillzäit vun den 90 Minutte gouf et dunn och Giel-Rout fir den Enzo Fernandez, wat d'Argentinier weider ënner Drock gesat huet.
Fir de Lionel Messi war et de viraussiichtlech leschte Match als Nationalspiller, de Schluss vun enger Ära. Zu Buenos Aires war d'Enttäuschung nom Match deemno grouss an et ass zu gréisseren Onroue komm, sou datt d'Police huet missen agräifen, fir d'Situatioun ze berouegen.
Den argentinesche President Javier Milei huet trotz dem verpassten Titel annoncéiert, datt et zu engem spontane Feierdag wäert kommen, soubal d'Ekipp ëm de Messi nees am Land ass.
