Zu MierschMéitrakter ass an d'Uelzecht gefall, eng Persoun gouf verwonnt

Andy Brücker
De CGDIS hat och d'Ekipp vun der Waasserrettung op d'Plaz geschéckt.

E méi ongewéinlechen Asaz haten d'Pompjeeën e Méindeg de Moien zu Miersch am Park. Hei war e Méitrakter an d'Uelzecht gefall. Wéi de CGDIS schreift, gouf eng Persoun verwonnt. Am Asaz waren d'Rettungsdéngschter vu Miersch, grad ewéi och de Waasserrettungsgrupp "Groupe de sauvetage aquatique (GSAQ)" an de Centre de soutien logistique.

Méitrakter ass an d'Uelzecht bei Miersch gefall, eng Persoun gouf verwonnt
E méi ongewéinlechen Asaz haten d'Pompjeeën e Méindeg de Moien zu Miersch am Park

Kuerz no 8 Auer sinn zu Fréiseng an der Lëtzebuergerstrooss e Moto an en Auto net laanschtenee komm. Och hei gouf eng Persoun verwonnt. D'Pompjeeë vu Fréiseng an d'Ambulanz vun Diddeleng waren am Asaz.

Tëscht 10 an 11 Auer gouf et dann nach zwee Pompjeesasätz wéinst Hecken déi gebrannt hunn, dat zu Diddeleng an der Rue des Mouleurs an zu Rëmerschen op der Wäistrooss.

Back to Top
CIM LOGO