Op der PompelWeider däitlech Hausse bei Diesel, Masutt a Bensinn

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg um Hallefnuecht gëtt d'Tanken nees méi deier.
© ALAIN JOCARD/AFP

Déi gréissten Hausse op der Pompel gëtt et beim Diesel. Dëse klëmmt ëm 4,9 Cent op 1,853 Euro de Liter. Beim Masutt muss ee 4,3 Cent méi bezuelen, wouduerch de Liter dann 1,342 Euro kascht.

De Liter 98er Bensinn kascht vun en Dënschdeg un 1,938 Euro de Liter, wat eng Hausse vun 4,4 Cent bedeit. Am wéinegste wäert den 95er klammen, dat mat "just" 3,8 Cent pro Liter. De Gesamtpräis läit dann hei bei 1,764 Euro.

Back to Top
CIM LOGO