
D’Kooperatiounspolitik vu Lëtzebuerg soll ambitiéis bleiwen, mee iwwer de Wee dohinner gëtt et Differenzen. Dat huet sech an der Chamber gewisen, nodeems den Aussen- a Kooperatiounsminister Xavier Bettel (DP) no senger Deklaratioun e Mëttwoch eng Debatt iwwer méiglech Iwwerschneidungen tëscht Entwécklungshëllef, Klimafinanzéierung an anere Budgetsdepensen opgemaach huet.
Eng vun den Haaptdiskussiounen huet ëm de Prinzip vun der Additionalitéit gedréint, also ob Klima- oder Flüchtlingsdepensë bei de Budget vun der Entwécklungshëllef dobäigerechent solle ginn oder ob se an d’Ee-Prozent-Zil mat agerechent ginn. Lëtzebuerg gëtt jo ee Prozent vu sengem Bruttonationalakommes an d’Entwécklungshëllef, wat 615 Milliounen Euro sinn.
De Laurent Zeimet vun der CSV huet ënnerstrach, datt seng Partei net hannert d’Engagementer an der Kooperatiounspolitik wéilt goen. Hie sot, Lëtzebuerg misst bei senger Verantwortung bleiwen, gläichzäiteg awer och kohärent bleiwen tëscht Kooperatioun, Handel, Klima- a Wirtschaftspolitik. Kooperatioun dierft net isoléiert gekuckt ginn, mee misst strategesch an europäesch ofgestëmmt ginn.
Beim Gusty Graas vun der DP louch de Schwéierpunkt op der weltwäiter Kris vun der Entwécklungshëllef. Hien huet drop higewisen, dass ëmmer méi Mënschen op humanitär Hëllef ugewise wieren an, dass Lëtzebuerg mat sengem Engagement vun engem Prozent vum Revenu national brut zu de wéinege Länner gehéiert, déi nach en héijen Niveau halen. Fir d’DP bleift Kooperatioun eng moralesch Flicht.
De Franz Fayot vun der LSAP huet d’Regierung virun allem beim Additionalitéitsprinzip kritiséiert. Hie warnt virun enger Verwässerung vun engem Modell, dee Lëtzebuerg international Kredibilitéit géing ginn. Bis elo géingen d’Klimafinanzéierung an d’Käschte fir den Accueil vu Flüchtlingen net an déi klassesch Entwécklungshëllef mat agerechent ginn. De Franz Fayot huet och dovu gewarnt, datt d’Kooperatiounspolitik hir Linn kéint verléieren, wann ëmmer méi nei Partnerlänner an ekonomesch Prioritéiten dobäi kéimen.
Fir d’ADR huet d’Alexandra Schoos betount, hir Partei géif d’Entwécklungshëllef net a Fro stellen, mee d’Approche, d’Prioritéiten an d’Kontrollmechanismen. Net d’Symbolzuel vun engem Prozent misst am Mëttelpunkt stoen, mee d’Fro, ob d’Suen transparent, geziilt a resultatorientéiert agesat géinge ginn. D’ADR plädéiert dofir fir méi parlamentaresch Kontroll, onofhängeg Evaluatiounen a fir realistesch Exit-Strategien, wann eng Partnerschaft hire Sënn géing verléieren.
D’Joëlle Welfring vun déi Gréng huet virun enger Entwécklungspolitik gewarnt, déi sech ze staark un ekonomeschen a geopoliteschen Interessie géing orientéieren. Si huet besonnesch de Global Gateway an d’Roll vum Privatsecteur kritesch gesinn a gefuerdert, datt Aarmutsbekämpfung, sozial Gerechtegkeet an nohalteg Entwécklung am Zentrum bleiwen. Och si huet drop bestanen, datt un der Additionalitéit net däerft geréckelt ginn.
De Sven Clement vun de Piraten huet begréisst, datt Lëtzebuerg an enger geopolitesch schwiereger Zäit e verlässleche Partner bleift. Hien huet awer méi Kohärenz bei de Wäerter gefuerdert, besonnesch am Ëmgang mat Partnerlänner wéi dem Senegal oder dem Togo. Kooperatioun misst laangfristeg Perspektive schafen, zum Beispill iwwer Energie, Ausbildung a Beschäftegung, an dierft net zu engem Instrument vum Commerce extérieur ginn.
Schaarf war och d’Kritik vum David Wagner vun déi Lénk. Hien huet der Regierung reprochéiert, zentral Prinzippie vun der Lëtzebuerger Kooperatioun a Fro ze stellen an domat eng fundamental Ëmorientéierung anzeleeden. En Opweeche vun der Additionalitéit géif senger Meenung no zu enger reeller Kierzung vun der klassescher Entwécklungshëllef féieren. Zousätzlech huet hien d’Enn vun der Partnerschaft mam Senegal an d’Reform vun der Sensibiliséierung fir d’Entwécklungspolitik staark kritiséiert.
De Xavier Bettel huet um Schluss betount, hien hätt net eleng eng Ofschafung vun der Additionalitéit wéilten decidéieren, mee d’Fro wéinst der budgetärer Lag politesch diskutéiere wëllen. Hie sot awer och, datt hien et net fir logesch géing halen, déi ganz Käschte vun der Flüchtlingshëllef einfach an d’Kooperatioun mat anzerechnen. Um Ee-Prozent-Zil, esou de Minister, géif d’Regierung festhalen. Wann dëst duerch d’Additionnalitéit soll eropgoen, da misst d’Chamber dat esou stëmmen.