Mesurë fir de LogementChambre des métiers: Et feelt u Leadership a Koordinatioun

RTL Lëtzebuerg
D'Mesurë fir de Logement, déi d'Regierung d'lescht Woch presentéiert huet, solle konkret a séier ëmgesat ginn, sou d'Handwierkerkummer.
© Tierra Mallorca / Unsplash

D’Chambre des métiers fäert nämlech, datt et u Leadership a Koordinatioun feelt, well eenzel Ministèrë fir déi jeeweileg Mesuren zoustänneg sinn. D’Mesurë ginn der Handwierkerkummer och iwwerhaapt net wäit genuch: et misst een nämlech dovunner ausgoen, datt eleng dëst Joer 1.500 Wunnenge manner gebaut ginn. Dat hätt net just negativ Konsequenze fir de Secteur an déi Beschäftegt, mee och fir d’Staatsfinanzen.

Der Chambre des métiers no missten d’Amendementer bei der Reform vum Loyersgesetz zeréckgezu ginn an d’Reduktioun vun der steierlecher Mesure vum Amorissement acceleré hannerfrot ginn.

Spezialfong Logement: Konventioune fir de Bau vun 464 neie Logementer goufen zejoert ofgeschloss
Kox, Fayot, Delles: Mesurëpak vun 150 Milliounen Euro fir de Bausecteur presentéiert

Back to Top
CIM LOGO