Alkohol- an Drogen-Test positivChauffer mat Summerpneuen iwwersäit Policekontroll

RTL Lëtzebuerg
An der Lonkecher Strooss zu Schuller huet d'Police an an der Nuecht op e Samschdeg d'Automobiliste kontrolléiert.
© Archiv

E Polizist huet sech während der Kontroll awer misste géint 3 Auer a Sécherheet bréngen, well e Chauffeur vill ze séier duerch de Kontrollposte gerannt ass.

Den Automobilist hat d'Kontroll anscheinend iwwersinn an ass eréischt no enger Vollbremsung kuerz drop stoe bliwwen.

Den Alkoholtest war positiv an de Mann hat och Drogen intus. Zu allem Iwwerfloss hat hien nach Summerpneuen um Auto.

De Mann gouf protokolléiert an huet den Auto misste stoe loossen.

Back to Top
CIM LOGO