PoliceChauffeur mat 233 km/h op der Escher Autobunn gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
Um Dënschdeg den Owend géint 22.50 Auer war ee Chauffeur mat 233 Kilometer an der Stonn op der Autobunn A4 a Richtung Esch-Uelzecht ënnerwee.
© RTL (Archiv)

Nodeems eng Policepatrull d'Gefier no enger kuerzer Verfollgung unhale konnt, krut de Chauffeur de Permis ewechgeholl an ee provisorescht Fuerverbuet gouf zougestallt. Déi zougeloossen Héchstgeschwindegkeet war ëm 103 km/h iwwerschratt ginn.

Am Laf vun der Nuecht goufen och bei dräi Chauffeure Fuerverbueter no positiven Alkoholtester zougestallt, dat war zweemol an der Stad an eemol zu Capellen de Fall.

Back to Top
CIM LOGO