Invité vun der Redaktioun (8. Abrëll) - Chris Zenner"Vill Doktere sinn net genuch informéiert, fir ze wëssen, wat mir alles behandele kënnen"

Marc Hoscheid
E Mëttwoch de Moie war de Gesondheetssecteur Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Chris Zenner
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Bei der Lëtzebuerger Associatioun vun den Osteopathen hofft een, datt d’Seancen an Zukunft vun der CNS rembourséiert ginn, awer ouni Ordonnance vum Hausdokter.

Am Moment gëtt et vill Diskussiounen am Lëtzebuerger Gesondheetssystem, virop tëscht der Gesondheetskeess an der Dokteschgewerkschaft AMMD iwwert eng nei Konventioun. Net mat am Coup ass d’Association Luxembourgeoise des Ostéopathes, kuerz ALDO. D’Osteopathe waarden nämlech zanter Joren dorobber, datt de Gesondheetsministère iwwerhaapt mol d’Krittären definéiert, déi erfëllt musse sinn, fir eng Autorisatioun als Osteopath ze kréien.

Déi Diskussioune sinn alles anescht wéi nei. 2018 hat de Gesondheetsministère no Diskussioune mat den Osteopathen ee Règlement grand-ducal virgeluecht, mat deem d’ALDO net zefridde war. Dat virop, well sech dobäi um franséischen Text inspiréiert gouf, wou d’Osteopathie als Profession du bien-être an net als Profession de santé definéiert gëtt. Doropshin hat d’ALDO geklot a krut 2021 viru Geriicht Recht. Zanterhier lafen d’Gespréicher iwwert en neit Gesetz, ma och wa se sech zéien, wier een awer um richtege Wee, wéi de President vun der ALDO Chris Zenner erkläert.

“Do hate mer lo mat der neier Ministesch bis ewell ëmmer ganz gutt a konstruktiv Gespréicher. Mir haten iwwert déi lescht zwee Joer ee Groupe de travail, wou mer mat hir ausgeschafft hunn, wéi deen neien Text vun den Osteopathe soll ausgesinn. Dee Groupe de travail war virun annerhallwem Joer fäerdeg, an do hu mer bis lo viru Kuerzem drop gewaart, wou mer héieren hunn, datt mer am Abrëll, Mee erëm kënne weiderschaffen, well do ass nach ëmmer keng definitiv Decisioun geholl.”

Et hätt een awer Versteesdemech dofir, datt d’Prioritéite vum Ministère anerer gewiescht wieren, ëmmerhi géing et zu Lëtzebuerg 25 Gesondheetsberuffer ginn an et wier engem vun Ufank u kloer gewiescht, datt do anerer, zum Beispill d’Infirmieren, vir wieren.

Een neie Gesetzestext, deen de Beruff vum Osteopath kloer definéiert, wier och eng Viraussetzung dofir, datt ee mat der CNS iwwert ee Remboursement vun de Seancë verhandelt. Aktuell muss de Client vun engem Osteopath déi zu 100 Prozent selwer bezuelen, ausser en huet eng Zousazversécherung. Ma och wann et bis elo nach keng Verhandlunge mat der CNS gouf, huet ee bei der ALDO schonn eng Fuerderung, an zwar, datt keng Ordonnance vum Hausdokter soll néideg sinn, fir ee Remboursement ze kréien. Déi wéisten nämlech dacks guer net sou richteg, wat een Osteopath konkret mécht.

“Osteopathie ass eigentlech eng relativ jonk Medezin, dat ass elo an engem Studiegang vun engem Schoulmedezinner net onbedéngt ee Fach, dat si léieren. Et si vill Dokteren zu Lëtzebuerg, déi och sécherlech do mol Formatioune gemaach hunn an déi ganz interesséiert sinn a sech do eraschaffen. Mee am Groussen a Ganze si si net genuch informéiert, fir ze wëssen, wat mir alles behandele kënnen.”

D’ALDO huet knapp 100 Memberen, zu Lëtzebuerg praktizéieren awer ongeféier 300 Leit als Osteopath. Dem Chris Zenner no soll ee sech am Virfeld am beschte bei der ALDO informéieren, äert ee sech fir d’éischt ee Rendez-vous hëlt.

“Mir wëssen, datt 2018, wéi d’Osteopathie als Gesondheetsberuff unerkannt ginn ass, do si ganz vill d’Droits d’exercés ausgestallt ginn, wou mir eis am Ufank gewonnert hunn, wéi vill dat der waren, well et der vill méi waren, wéi mir an der Associatioun sinn. An do wësse mer, datt der dobäi waren, déi net déi Stonnen als Ausbildung haten, wéi mir dat als Minimum fuerderen.”

Grond wier eng EU-Direktiv, déi virgesäit, datt eng Persoun, déi an engem EU-Staat als Osteopath praktizéiert huet, dat och an engem anere Memberland maachen dierf, och wa sech d’Krittäre vu Land zu Land deels ënnerscheeden.

Den 13. Juni organiséiert d’ALDO iwwregens eng international Konferenz, wou et ëm d’Roll vun der Osteopathie am Sport geet an déi sech nieft Leit aus dem Gesondheetssecteur och un de Grand-public riicht.

Invité vun der Redaktioun: Chris Zenner

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO