Baueren, Wënzer a Gäertner vertruedenChristian Hahn neie President vun der Landwirtschaftskammer

Jean-Marc Sturm
Bei de Bauere waren et 3 Lëschte bei de Sozialwalen, déi um Enn zimmlech no beienee louchen.

6 Sëtz fir d’Bauerenzentral, 5 fir den neie Grupp “Aktiv Baueren fir eng staark Landwirtschaft” mam Christian Hahn a 4 Sëtz fir déi gemeinsam Lëscht vu Bauerenallianz a Fräie Lëtzebuerger Bauer. Ee Resultat, dat vill Spillraum gelooss huet , besonnesch och bei der Fro, wien den neie President soll ginn Et wëll een elo bei der Chambre d’Agriculture mam Christian Hahn als President, an der Successioun vum Guy Feyder, op déi nei Generatioun setzen. Vizepresident ass de Paul Funck. Am Comité sinn Nora Feyder, Jean-Paul Vosmann a Conny Vandesluis.

Mat deene 5 Leit am Comité sinn all d’Beruffer aus der Landwirtschaft mat Baueren, Wënzer a Gäertner vertrueden.

[gallery

Back to Top
CIM LOGO