D'Gesetz iwwer palliativ Soinen hei am Land huet geschwënn 10 Joer, e Méindeg, 19. Februar 2018 op den Dag genee ass et an der Chamber gestëmmt ginn. An de leschte Joren ass vill geschitt, seet d'Christine Dahm, Direktesch vun Omega 90; si war e Méindeg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun.
Eng eenheetlech Approche, en nationale Plang gëtt et awer nach net. Datt sécher gestallt ass, datt jiddereen iwwerall déi selwecht Versuergung um Enn vu sengem Liewe garantéiert kritt.
Vun de ronn 3.800 Stierffäll d'Joer hei am Land kréie just 16% palliativ Hëllef. Dat ass ganz wéineg. D'Leit sinn deels iwwert hir Rechter net gutt genuch informéiert, mä et kéint och administrativ oder finanziell Grënn hunn. An engem Fleegeheim zum Beispill bezilt d'Assurance dépendance fir eng Persoun, déi vill Fleeg brauch, vill méi, wéi wann déi palliativ ass.
Omega 90 setzt sech fir en nationale Plang vun de palliative Soinen an, fir eng eenheetlech Linn. Sou e Plang wär da fir déi nächst Regierung.
Invitée vun der Redaktioun e Méindeg de Moie war d'Directrice vun Omega 90.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren