D'Lëtzebuergesch ass net schrecklech a Gefor. Dat sot de Claude Bache, President vun der Actioun Lëtzebuergesch e Mëttwoch de Moien am RTL-Interview, dat um Dag vun der Mammesprooch.
RTL-NEWS: Haut ass den internationalen Dag vun der MammesproochD'Lëtzebuerger Sprooch wär fest verankert an eisem Land, huet den Invité vun der Redaktioun gemengt. Si géif sou vill geschwat gi wéi nach ni, iwwer 400.000 Leit schwätze se an d'Lëtzebuergesch gëtt sou vill geschriwwe wéi nach ni. D'Sprooch géif sech natierlech entwéckelen.
D'Actioun Lëtzebuergesch begréisst de Gesetzprojet vun der Regierung, deen elo um Instanzewee ass, fir eis Sprooch ze fërderen. Et si 40 Mesuren iwwer 20 Joer. Dat wär vläicht e bëssen däers Gudden ze vill, mengt de Claude Bache. Pabeier wier gedëlleg. Hien hätt et léiwer gesinn, eng hallef Dosen Iddien, déi an 2-3 Joer realiséiert gi wären. Haut wär och nach net alles ëmgesat ginn, wat virun iwwer 30 Joer am Sproochegesetz gestëmmt gi wär.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschterenRendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.