
Den Educatiounsminister ass zouversiichtlech, datt den Encadrement vun de Schüler am Fondamental an de B-Woche Moies an de meeschte Gemengen och duerch Schoulpersonal kann assuréiert ginn. Dat sot de Claude Meisch en Dënschdeg de Mëtten an der Froestonn an der Chamber.
Donieft kréie Studente vun der Uni Lëtzebuerg, déi bis ewell am Stage waren, e CDD bis zum Summer offréiert: "Et ass och esou, datt mer, mat der Hëllef vun der ACEL, sämtlech Studenten opgeruff hunn an informéiert hunn, datt et momentan e Besoin gëtt bei a gekuckt hunn op si Interessi hätten, an dat ass awer och keng Neierung, ganz vill Studente ginn zum Beispill iwwert de Summer Nohëllefscoursen, Cours de rattrapage an de Lycéeën, fir déi Schülerinnen a Schüler z'ënnerstëtzen, déi an der Preparatioun sinn op hiren Noexamen, dat heescht mer denken, datt deen deen dat iwwert de Summer ka maachen, engem Schüler hëllefen, sech op säin Noexamen ze preparéieren, oder engem Grapp vu Schüler, deen ass och absolut amème fir déi Übungswochen, déi Etüd surveillée Moies an den Übungswochen ze garantéieren."
Et hätt een hei elo scho méi Demanden, wéi ee Leit bréicht, esou de Minister. Wat d'Crèchen ugeet géifen d'Acteuren e Mëttwoch spezifesch Informatioune kréien, esou nach de Claude Meisch. Et géifen däitlech manner Kanner wéinst de sanitäre Mesuren an d'Crèche kenne goen. Och fir den Encadrement vun de Kanner an de Kompetenzzenter kéimen dës Woch nach méi Informatiounen, esou de Claude Meisch de Mëtten an der Chamber.
„Schluss mam Organisatiounschaos am Fondamental. Här Meisch, loosst eis Kanner richteg an d'Schoul goen“, schreiwen en Dënschdeg de Mëtteg den SEW/OGBL an de Landesverband an engem gemeinsame Communiqué.
D'Gewerkschafte mengen, datt de System mat zwou Gruppen an der strikter Trennung wärend der Schoulzäit an dono an der Betreiung net ze realiséiere wier.
Dowéinst sollt et kee generelle Splitting vun de Klasse ginn, ausser et wäre méi wéi 17 Schüler an der Klass oder de Sall ze kléng.
Géif een d'Klasse méi grouss loossen, wär dat pedagogesch méi sënnvoll. Et hätt een duebel sou vill Schoulzäit bis de Summer an et wär méiglech moies en Accueil virun der Schoul an owes Betreiung bis 7 Auer z'offréieren, wat villen Eltere géif ze gutt kommen.
Nach wär et net ze spéit, fir deen enormen organisatoreschen Opwand ze stoppen, deen net gerechtfäerdegt wär, sou den SEW an de Landesverband.
Den SEW huet eng Ëmfro bei den Enseignante gemaach...iwwer 400 hu geäntwert. Eng grouss Majoritéit géif sech géint de Splitting vun de Klassen ausschwätzen. D'Kanner missten nees sou séier wéi méiglech an d'Schoul. Retizenze gëtt et bei den Enseignanten aus dem Cycle 1, déi e Sécherheetskonzept fir hir Schoulkanner froen.