Am drëtte vun insgesamt zéng Barragematcher huet den FC Biekerech e Samschdeg d'US Esch um Enn deklasséiert a verdéngt mat 6:0 gewonnen. Domat steigt d'Ekipp aus dem Wëlle Westen no zwee Joer an der drëtter Divisioun nees eng Etage no uewen. Et ass den drëtten Opstig an d'zweet Divisioun an deene leschten zwielef Joer fir den FCB.
Scho virun der Paus war Biekerech viru 462 Zuschauer am Stadion zu Luerenzweiler op d'Gewënnerstrooss agebéit a konnt mam drëtte Gol kuerz nom Säitewiessel quasi den Deckel schonn dropmaachen. Am weidere Verlaf hunn déi Gréng vun de villen an einfache Feeler an der Escher Defense profitéiert an de Score weider no uewe geschrauft.
Fir d'US Esch geet deemno eng schwéier an onroueg Saison mat enger Néierlag an dem Ofstig op en Enn. An der Réckronn hat den Opsteiger vill Punkte guttgemaach a sech um Enn mat enger Relegatiounsplaz belount, mee am decisive Match ass der Ekipp vu Lalleng spilleresch wéineg agefall. D'US Esch hat an der Saison 2017/18 nach an der BGL Ligue gespillt a war duerno bannent e puer Joer bis an d'drëtt Divisioun duerchgereecht ginn. Eréischt déi lescht Saison hat een den Opstig gepackt, fir direkt nees auszefalen.
US Esch - FC Biekerech 0:6 (0:2)
0:1 Gomes (26'), 0:2 Orlando (43'), 0:3 Guedes (48'), 0:4 Ferreira (62'), 0:5 Ferreira (79'), 0:6 Etinof (84')