Finall vun der Champions LeaguePSG verdeedegt säin Titel am Eelefmeterschéissen

RTL Lëtzebuerg
Arsenal hat bis an d'Finall kee Match an der Champions League verluer, mee am decisive Match goung et net duer.
© FRANCK FIFE/AFP

Et waren zwou géigesätzlech Hallschenten an der regulärer Spillzäit. Arsenal sollt fréi a Féierung goen, huet sech duerno awer op d'Verteidegung konzentréiert. De PSG konnt no enger gudder Stonn op en Eelefmeter hin ausgläichen. Och no 90 Minutte stoung et 1:1, wat vum Spillverlaf hier korrekt war. Well och an der Verlängerung kee weidere Gol markéiert gouf, ass d'Entscheedung am Eelefmeterschéisse gefall. Et war déi éischt Champions-League-Finall zënter 2016, déi am Eelefmeterschéissen decidéiert gouf (Real Madrid géint Atlético Madrid).

Um Enn gewënnt PSG 5:4 a verdeedegt säin Titel aus der viregter Saison. Fir den Trainer Luis Enrique ass et den drëtten Champions-League-Titel. Arsenal verléiert och déi zweet Champions-League-Finall a senger Geschicht. Et war déi éischt Néierlag iwwerhaapt an dëser Saison vun der Kinneksklass. Insgesamt louchen d'Gunners an dëser Saison just 42 Minutten hannen.

Den Detail vum Match mat de Goler am Video

Paris St. Germain - Arsenal London 5:4 n.V. (0:1, 1:1)

0:1 Havertz (6'), 1:1 Dembélé (65', Eelefmeter),
Eelefmeterschéissen: 2:1 Ramos, 2:2 Gyökeres, 3:2 Doué, Ezé verschéisst, Nuno Mendes verschéisst, 3:3 Rice, 4:3 Hakimi, 4:4 Martinelli, 5:4 Beraldo, Gabriel verschéisst

De PSG hat sech an der Halleffinall géint Bayern München duerchgesat an Arsenal war an der Additioun géint Atlético Madrid iwwerleeën. Fir d'Paräisser war et déi drëtt Finall an hirer Veräinsgeschicht no 2020 an 2025. Et war eréischt déi zweet Finall fir d'Gunners no 2006 géint Barcelona.

De Match war nach zimmlech jonk, wéi de Kai Havertz no engem Feeler vum Marquinhos op d'Rees geschéckt gouf an aus spatzem Wénkel laanscht de Golkipp zum 1:0 eragesat huet. Et war de véierte Gol an dëser Champions-League-Saison fir den däitsche Stiermer. Den Havertz ass den éischten däitsche Stiermer, deen an zwou Champions-League-Finalle getraff huet, an dat fir zwee verschidde Veräiner (Chelsea 2020).

D'Goler vun der Finall PSG géint Arsenal

Et huet ee gemengt, Paräis misst sech vun dësem Réckstand fir d'éischt emol erhuelen, mee et koum déi ganz éischt Hallschent wéineg vum franséische Champion. Arsenal krut de Kvaratskhelia an den Dembélé gutt aus dem Spill geholl an huet de PSG net zur Entfalung komme gelooss. D'Gunners hu sech nom Virsprong gréisstendeels op d'Verteidegung konzentréiert an op Kontere gelauert.

Déi zweet geféierlech Offensivaktioun vum frëschgebakenen englesche Champion sollten d'Spectateuren eréischt no der Drénkpaus an der 26. Minutt gesinn. De PSG hat seng geféierlechst Aktioun kuerz virun der Paus per Kappball, deen awer éischter zoufälleg zustane komm war. Och déi véier Cornere vum PSG hunn net fir Gefor gesuergt.

Paräis koum mat vill méi Elan a Spillwitz aus der Kabinn a konnt méi Drock entfale wéi am éischten Duerchgang. Arsenal stoung an der Defense net méi sou kompakt, an d'Konsequenz war e Foul am Strofraum um Kvaratskhelia an der 62. Minutt. Den Dembélé huet sech net zweemol biede gelooss an zum Ausgläich eragesat.

Bescht Zeene vun der Finall PSG géint Arsenal

An der 77. Minutt hat de Kvaratskhelia den 2:1 um Fouss, mee de Georgier huet de Ball no enger laanger Konter un de Potto gesat. An der Schlussphas war d'Spannung am Stadion Ferenc Puskas zu Budapest fërmlech ze gräifen. PSG hat weider méi Spillundeeler an d'Gunners stoungen dacks hannendran. Den Titelverdeedeger hätt de Match an dräi Situatiounen entscheede kënnen, mee de Ball wollt net iwwer d'Linn. Dowéinst goung et an d'Verlängerung. Do si Paräis och 80 Prozent Ballbesëtz net duergaangen, fir e Gol ze markéieren.

Am Eelefmeterschéissen huet Arsenal zweemol verschoss, de Raya konnt just de Ball vum Nuno Mendes paréieren. Domat geet fir Arsenal eng Serie op en Enn. An de leschten 117 Matcher hunn d'Gunners just ee Mol verluer, wa si a Féierung goungen.

Ganzt Eelefmeterschéisse vun der Finall mat Commentaire


All d'Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO