965 Reklamatiounen 2021Claudia Monti: "D'Leit wësse ganz oft net, datt si bei den Ombudsman kënne goen"

RTL Lëtzebuerg
D'Ombudsman huet en Dënschdegmoien an der Chamber hire Rapport vum leschte Joer presentéiert an eng Rei Recommandatioune mat op de Wee ginn.

965 Reklamatiounen huet d’Mediatrice Claudia Monti 2021 traitéiert, 65 méi wéi dat Joer virdrun.

Ombudsman / Reportage Filbig Danielle

Den Ombudsman hëlt Reklamatioune vu Leit entgéint, déi Problemer mat Verwaltunge vum Staat an de Gemengen, oder och mat Etablissements publiques hunn. Ma vill Leit géinge sech net trauen, Hëllef ze froen oder wéiste mol net, datt et déi Méiglechkeet gëtt, esou d’Claudia Monti.

“Also, ech géif soen, de breede Public ass net informéiert. Verschidde Fonctionnaire sinn et mol net. De Ministère de l’Education mécht awer elo eng Broschür, wou den Ombudsman soll virgestallt ginn. Ech mengen, wat virun allem wichteg ass, ass datt d’Leit net direkt denken: Ech ginn net eens, ech renne bei den Affekot, ech wëll den Affekoten net de Botter vun der Schmier huelen, mir kënne ganz gutt zesumme mat Affekoten. D’Leit wësse ganz oft net, datt se bei den Ombudsman kënne goen. Si wëssen och ganz oft net, datt och si ee Bréif kënne schreiwen. Datt si sech kënnen trauen, fir nozefroen a ganz oft fäerten d’Leit och.”

Op verschidde Punkte wieren Adaptatiounen dréngend néideg, esou d’Ombudsman. Bei den Allocations de vie chère géing et e Problem ginn, well ee se just ee mol am Joer kéint ufroen. Wann een deen Delai verpasst hätt, misst ee bis d’Joer drop waarden. Et géing hei och net consideréiert ginn, datt eng Koppel am Laf vum Joer och kéint ausernee goen. Bei den Allocations familiales wier et diskriminéierend, datt e Frontalier kee Recht op dës Hëllef hätt, wa säin net-biologescht Kand am Stot lieft.

D’Mediatrice ass och op eng Rei konkret Fäll agaangen, bei deenen et zejoert Problemer gouf. Am Enseignement supérieur hätten eng Rëtsch Studenten zum Beispill eng Bourse kritt fir en Diplom, dee se duerno guer net unerkannt kruten. Herno huet sech dann och eraus gestallt, datt déi betraffe Studente guer kee Recht op déi Bourse haten, déi si kruten.

Wéineg Versteesdemech huet d’Ombudsman dofir, datt afghanesch Flüchtlinge kee Statut kréien, Refugiéen aus der Ukrain awer ganz anescht behandelt ginn. Si schwätzt hei vu falschem Humanismus.

Wat déi eeler Leit ugeet, erënnert d’Claudia Monti drun, datt net jidderee fir d’Digitalisatioun gemaach ass, well e vulnerabel ass oder einfach Schwieregkeeten domat huet. Bei de Pensioune misst op e Simulator zréckgegraff ginn, fir datt d’Leit wëssen, wou se dru sinn a wéini se kënnen an d’Pensioun goen.

“De Problem ass, datt d’Leit, déi keng 55 Joer hunn, net gesot kënne kréien, wéi vill, datt se eventuell an der Pensioun kënne kréien. An et ass et och net méiglech ze soen: Wat ass dann, wann ech mat 57, 62 a 65 Joer an d’Pensioun ginn a sou virun. Da gëtt gesot: Fro wann et esou wäit ass a wann s de se wëlls huelen. Mir si scho wéi laang hannendrun, datt ee Simulator soll opgestallt ginn.”

D’Claudia Monti begréisst d’Zesummenaarbecht mam Ëmweltministère, wou am Moment ganz vill Leit Subsiden ufroen. Allerdéngs kéim dësen net no, fir d’Subsiden am Delai ze bezuelen, hei misst dat néidegt Personal agestallt ginn.

Back to Top
CIM LOGO