RTL-Presseclub vum 17. MeeCoronavirus: Den Deconfinement

RTL Lëtzebuerg
Mir hunn op de politesche Plang gekuckt a wat do alles ënnerholl gëtt, fir datt d'Liewen an d'Betriber nees hiren normale Laf huelen.
Presseclub vum 17. Mee 2020
Coronavirus: Den Deconfinement

Den Deconfinement mécht sech duerch eng gewëssen Normalitéit bemierkbar. Mä wéi begleet d'Regierung dës Phas politesch, wéi sinn d'Regierungs-Decisiounen anzeschätzen a gëtt wierklech alles ënnerholl, fir dass dat soziaalt, mä och d'Liewen an de Betriber nees säi Laf hëlt?

Gouf genuch a richteg vun der Regierung consultéiert oder radikal an autoritär verfuer? Ass d'Land prett, sech nei op ze stellen, nees den Equiliber ze fannen a vläicht souguer e neie Gesellschaftsmodell ze woen?

Ënner anerem dat hu mer d'Journalistekolleegen e Sonndeg am RTL-Presseclub gefrot.

Mir hunn op de politesche Plang gekuckt a wat do alles ënnerholl gëtt, fir datt d'Liewen an d'Betriber nees hiren normale Laf huelen.

Invitéen um Sonndeg waren:

d'Josée Hansen vum Land
d'Dani Schumacher vum Lëtzebuerger Wort
an de Christophe Bumb vum Online-Magasin Reporter

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

Back to Top
CIM LOGO