Avis iwwer geplangte StaatsbudgetCour des comptes: Regierung soll net ze vill Sue léinen

RTL Lëtzebuerg
Fir d'Cour des comptes ass et evident, dass d'Staatsschold bei engem Defizit an de Keese geklommen ass. Dat an engem schwieregen ekonomeschen Ëmfeld.
© AFP Symbolbild

Ma d’Cour des comptes mécht an dësem Avis iwwer de geplangte Staatsbudget net fir d’éischt den Appell un d’Regierung, net ze vill Suen ze léinen.

Ëmmerhi géifen doduerch och d’Zënsen an d’Luucht goen. Duerno missten Kreditter mat neie Kreditter bezuelt ginn an d’Zënsen nees hiewen.

D’Cour des comptes begréisst an deem Kontext och d’Spuermesuren, déi de Finanzminister Gilles Roth annoncéiert huet. Si constatéiert awer, dass esou Mesuren am aktuelle Budgetsprojet nach net stinn.

Si freet d’Regierung, d’Mesuren an engem detailléierte Katalog opzelëschten an déi och ze chiffréieren. Fir ze wësse wéi vill gespuert ka ginn.

PDF: Pressecommuniqué Cour des comptes - Budget 2024

Back to Top
CIM LOGO