Zanter dësem FreidegCovid-Impfunge beim Hausdokter

RTL Lëtzebuerg
Stand en Donneschdeg krute ronn 400.000 Leit zu Lëtzebuerg eng éischt Covid-Impfung. Den Impftaux läit aktuell bei 72 Prozent.
Covid-Impfunge beim Hausdokter
Fir nach méi Persounen ze encouragéieren, fir sech impfen ze loossen, ass dat vun e Freideg un och bei verschiddenen Hausdoktere méiglech.

Fir nach méi Persounen ze encouragéieren, fir sech impfen ze loossen, ass dat vun e Freideg un och bei verschiddenen Hausdoktere méiglech. Den 13 Joer jonke Joshua Becker ass ee vu 24 Patienten, déi e Freideg de Mëtteg am Gemeinschaftscabinet zu Miersch e Rendez-vous fir eng Covid-Impfung hunn. Si hätt méi Vertrauen, fir hir Kanner bei hirem Hausdokter impfen ze loosse, wéi an engem anonymmen Impfzenter, erkläert seng Mamm Cynthia.

D’Nofro wier grouss, seet iwwerdeems den Dokter David Heck. Eng 80 Patienten hätte schonn Rendez-vous an der Praxis geholl. Laangjäreger, awer och neier, Jonker an Eelerer. Och Leit, déi fir déi zweet Dosis kéimen, well se den zweete Rendez-vous am Impfzenter aus verschiddene Grënn net anhale konnten an et hei méi einfach wier, fir bäizekommen.

De Virdeel beim Hausdokter: en Uruff fir e Rendez-vous geet duer. Am Impfzenter muss ee sech dogéint op eng Lëscht aschreiwen, wann ee keng gülteg Invitatioun huet. Am Géigesaz zum Impfzenter muss een an der Praxis awer d’Consultatioun fir d’Impfung bezuelen. Dës kritt een zu 88 Prozent vun der CNS rembourséiert. Et géife Verhandlunge mat der CNS lafen, fir e Forfait auszeschaffen, seet den Dokter Heck.

Opgrond vum Patient senger Krankheetsgeschicht gëtt gekuckt, wéi ee Vaccin sech am beschte fir de Betraffenen eegent. Den Ament kruten d’Cabineten aus logistesche Grënn just Biontech/Pfizer, Astrazeneca an Johnson & Johnson sollen awer nokommen.

Wéi am Impfzenter ginn och hei d’Donnéeën direkt an den Impfprogramm agedroen a bei der zweeter Dosis e CovidCheck ausgestallt. Op der Covid-19-Websäit sinn 80 Generalisten a Kannerdokteren opgelëscht, bei deenen ee vun nächster Woch un e Rendez-vous huele kann, fir sech géint de Covid impfen ze loossen.

Back to Top
CIM LOGO