3G op der SchaffCovidCheck beim Staat bleift trotz neiem Gesetz bestoen

Fanny Kinsch
Jiddereen, dee beim Staat schafft, muss weider noweisen, datt e geimpft, geheelt oder negativ getest ass, fir op d'Aarbecht ze kommen.

Mam neie Covid-Gesetz, dat e Freideg de Mëtteg an der Chamber gestëmmt gëtt, gëtt den 3G-Regime op der Aarbecht nees fakultativ. Fir d’Mataarbechter beim Staat ännert sech awer näischt.

CovidCheck beim Staat bleift bestoen - Reportage F. Kinsch

D’Staatsbeamtegewerkschaft CGFP an de Minister vum ëffentlechen Déngscht Marc Hansen hunn nämlech en Accord fonnt, fir de CovidCheck op der Aarbecht bäizebehalen, sou wéi en elo ass. Jiddereen, dee beim Staat schafft, muss also weider noweisen, datt e géint de Coronavirus geimpft, no enger Infektioun nees gesond oder negativ getest ass, fir op d’Aarbecht ze kommen.

De CGFP-Generalsekretär Steve Heiliger: “Mat deene selwechte Garantien, déi mer bis elo haten, dat heescht, et kann nach wie vor keen entlooss ginn, et ka keen eng Affaire disciplinaire gemaach kréien an et ass och net esou, dass een aus der Securité sociale géif eraus geholl ginn. Déi Garantië si weiderhi ginn, et leeft also weider, wéi mer et bis elo haten.”

Iert de CovidCheck op der Aarbecht de 15. Januar obligatoresch gouf, hätt all Ministère an all Verwaltung eenzel Decisioune geholl.

Steve Heiliger:“An d’Resultat war e risegen Duercherneen. Mir hate Verwaltungen, déi hunn et guer net agefouert, dat war souguer de Gros, mir haten der déi hunn et agefouert mat enger ganz staarker Rigueur, dat war dann deen aneren Extrem. Mir haten der, déi hunn et just punktuell ageféiert no Zonen, an der Kantin, a Reuniounssäll, bei Formatiounen. Et war iwwerall anescht an deemools hu mer schonn ëmmer gesot, mir hunn eng grouss Fonction publique a mir sollen do e roude Fuedem duerch d’ganz Fonction publique hunn.”

Den Accord tëschent Gewerkschaft a Ministère leeft sou laang, wéi d’Gesetz a Kraaft bleift, also 2 Méint. Et géing een hoffen, datt duerno keng Mesure méi néideg wieren.

Steve Heiliger:“Wat wier d’Alternativ gewiescht, wa mer de CovidCheck ofgeschaaft hätten, dann hätten all déi Restriktioune gespillt, déi iwwerall spillen, wou kee CovidCheck ass, dat heescht mir hätten nees d’Maskeflicht gehat, 8 oder 10 Stonnen den Dag, mir hätte bei de Rassemblementer, wou och d’Reuniounen drënner falen, Restriktioune gehat, mir hätten d’Distanz erëm gehat, fir eis fir et e Réckschrëtt gewiescht fir déi ganz grouss Majoritéit vun der Fonction publique, déi awer d’Konditioune vum CovidCheck erfëllen.

D’Etablissements publics sinn net vum Accord concernéiert – et géing een awer hoffen, datt den 3G och hei bäibehale gëtt, sou de Steve Heiliger.

Fir d’Gemenge gëtt et keen allgemengen Accord, wat de CovidCheck op der Aarbecht ugeet. Hei ass et un de Schäfferéit, fir mat de Personaldelegatiounen, respektiv direkt mam Personal ze kucken, ob den 3G op der Aarbecht bäibehale gëtt oder net. D’Gewerkschaft vum Gemengepersonal recommandéiert, datt de CovidCheck soll bestoe bleiwen.

Back to Top
CIM LOGO