Wéineg iwwerraschend huet den CSV-Fraktiounspresident Laurent Zeimet de Regierungschef gelueft, et wier eng "ronn Ried" gewiescht. Wann een iwwert d'Lag vun der Natioun schwätzt, misst een iwwert all d'Leit schwätzen, déi zum Fonctionnement vum Land bäidroen. Nieft de Lëtzebuerger an Auslänner, déi am Grand-Duché wunnen, géingen och déi auslännesch a Lëtzebuerger Frontalieren dozou gehéieren. Et misst een déi aktuell Kris seriö huelen, mee et dierft ee Lëtzebuerg awer och net schlecht schwätzen. Déi éischt sozial Fro wier déi no der Kafkraaft. An deem Kader huet hien op Mesurë verwisen, déi schonn ëmgesat goufen, wéi d'Upassung vum Steierbarème un d'Inflatioun, déi eng Entlaaschtung vu 480 Milliounen Euro bedeit hätt. Ma hien huet och op déi geplangte Steierreform no vir gekuckt.
"Kee wäert dobäi verléieren. All dëst vum Steierjoer 2028 un. Eng eenheetlech Steierklass fir jiddwereen, fir all Famill, all Mamm an all Papp, ob bestuet, gepacst, gescheet oder gekummert. Déi steierlech Situatioun gëtt an Zukunft net méi beaflosst, wann d'Familljesituatioun abrupt ännert. All Familljemodell wäert selwecht behandelt a besteiert ginn. De Brutto Käschtepunkt gëtt op 900 Milliounen Euro am Joer geschat."
Mat Bléck op de Mindestloun sot de Laurent Zeimet, datt de Mindestlounempfänger a bal kengem aneren EU-Memberland esou vill Kafkraaft hätt wéi zu Lëtzebuerg. Wann ee vum Mindestloun schwätzt, dierft een och net déi vergiessen, déi en ausbezuelen, also d'Betriber. Et misst een oppassen, datt déi keng Plazen ofbauen a keng nei Leit méi astellen, well d'Lounkäschten ze héich sinn.
Den DP-Fraktiounspresident Gilles Baum huet ënnerstrach, datt zur Verantwortung gehéiere géing, heiansdo och Decisiounen ze huelen, déi net jidderengem gefalen. Hien huet dem Luc Frieden Merci dofir gesot, datt ee groussen Deel vu senger Ried sech ëm de Logement gedréint huet. D'Situatioun um Wunnengsmarché hätt sech parallel zur ganzer Gesellschaft grondleeënd verännert a wier ee Stéck wäit d'Spigelbild vun der Gesellschaft. Dat géing awer net heeschen, datt de Staat näischt ënnerhuele misst.
"Grad elo ass et wichteg, den ëffentleche Wunnengspark mat Elan auszebauen, fir méi Offer ze schafen, de Bau um rullen ze halen a, ganz wichteg, fir Aarbechtsplazen ze erhalen. Hei ass et och wichteg, datt dësen Opkafprogramm ab elo Projeten, wou zum Beispill schonn 20 oder 30 Prozent verkaf sinn, datt de Staat do ka bäileeën, fir datt et wierklech ugeet, fir datt genuch Kapital do ass, fir datt ka gebaut ginn, fir grad dem Éischtkeefer, deen awer vläicht e bëssi zéckt, Sécherheet ze ginn an ëm ze beweisen, datt en net eleng do steet."
Doriwwer eraus wier eng méi cibléiert Politik wichteg. Baulücke misste geziilt erausgesicht ginn an och den TVA-Taux op Wunnengen, déi zu engem abordabele Präis verlount ginn, wier ee wichtege Bausteen.
Géint 12:30 Auer héiert Dir bei RTL Radio nach ee Reportage mat weideren Andréck aus de Chamberdebatte vun e Mëttwoch de Moien.