
En Dënschdeg den Owend war zu Hesper versicht ginn, an en Haus an der Izeger Strooss anzebriechen. Dem bis ewell onbekannten Täter war et gelongen an de Keller anzedréngen, mee bis an d'Haus era koum hien net.
Am fréie Mëttwochmoien dann en Abroch an e Schoulgebai an der Rue Glesener am Garer Quartier an der Stad. Hei ass eng Keess geklaut ginn. A béide Fäll goufen Ermëttlungen a d'Weeër geleet. D'Police erënnert an deem Zesummenhang nach emol un hir präventiv Rotschléi, fir sech virun Abréch ze schützen.