RTL SteierdagVill Froen iwwert d’Steiererklärung

Serge Pauly
Wat kann ee vun de Steieren ofsetzen? Wéi vill däerf ee steierfräi dobäi verdéngen? Wou fannen ech meng Steierklass? Äntwerte gouf et um RTL Steierdag.
RTL Steierdag: Vill Froen iwwert d’Steiererklärung
Ënnert anerem war d'Steierverwaltung mat engem eegene Stand an der Belle Étoile.

Fir vill Leit ass a bleift et e Buch mat 7 Sigel: d'Steiererklärungen. Dofir organiséiert RTL zënter 2015 de grousse Steierdag. Och haut hu vill Nolauschterer vun der Geleeënheet profitéiert, fir sech beroden ze loossen. Wéini rentéiert sech e Pacs? Zielt d'Limitt vu 5.000 Euro fir Benevollen fir den Netto- oder de Brutto-Verdéngscht? Wéi muss een eng Crypto-Wallet deklaréieren?

Och d'Steierverwaltung war mat engem eegene Stand an der Belle Étoile. Hir Agente sinn nach bis Enn un der Woch uechtert d’Land ënnerwee, fir virun allem hiren elektroneschen Assistent méi bekannt ze maachen. Dee soll net nëmme beim Ausfëlle vun der Erklärung hëllefen, mee soll och dofir suergen, dass den Decompte vill méi séier fäerdeg ass.

Egal op d’Agente vun der Steierverwaltung oder d’RTL-Experten. Déi meescht Froe konnte si séier beäntwerten. Mee heiansdo ass d’Steierrecht och e bësse méi komplizéiert. D’Expert-Comptable Myriam Feyder erkläert, dass vill Leit beim Steierkredit fir Elengerzéiend duerchernee kommen, well d'Seuile changéieren. Oder och den Amortissement vu Locatiounswunnengen wier fir Laien nëmme schwiereg ze verstoen.

Déi interessantste Froen an Äntwerten, déi um RTL Steierdag gestallt goufen, kann een am groussen Steierdag-Dossier nolauschteren: RTL Steierdag.

Back to Top
CIM LOGO