
Soll et zu Lëtzebuerg och eng Bierger-Assemblée ginn, sou wéi se zum Beispill an der däitschsproocheger Belsch existéiert?
E Méindeg goung nees iwwert dëse Moyen vun enger méi participativer Biergerbedeelegung rieds. Ma der grénger Oppositioun no, wier de Majoritéits-Parteien iwwerhaapt net dru geleeën, op dee Wee ze goen an eng Bierger-Versammlung institutionell ze verankeren. Domat géif alt nees d’Participatioun vun de Bierger ausgebremst ginn an et géif op Retardement gesat ginn an engem Dossier, wou d’Biergerbedeelegung kee Luxus, mee eng Noutwendegkeet wier. Sou gëtt d’gréng Deputéiert Joëlle Welfring zitéiert, déi bei CSV an DP all politeschen Courage op deem Punkt vermësst.
Ugeduecht war, datt d’Leit, déi un esou enger Bierger-Versammlung deelhuelen, duerch d’Lous designéiert ginn.
An enger rezenter Nott hat sech och d’wëssenschaftlech Ekipp vun der Chamber mam Konzept vun enger Bierger-Assemblée befaasst a war zur Conklusioun komm, datt esou e Modell d’Legitimitéit vun den Demokratien erhéicht an och auslänneschen Awunner eng Stëmm gëtt.
Virleefer waren ënner anerem de Biergerkommittee Lëtzebuerg 2050 an de Klima Biergerrot.