
Wéi d’LSAP an d’CSV zu Schëffleng iwwer Facebook matdeelen, ginn déi zwou Parteie Koalitiounsgespréicher an. Weider Detailer solle geschwënn nokommen.
D’LSAP krut bei de Wale sechs Sëtz, wärend d’CSV der ee verluer huet an elo nach op fënnef Sëtz kënnt. Den aktuellen CSV-Buergermeeschter Paul Weimerskirch koum e Sonndeg hannert dem Éischtgewielten Carlo Feiereisen vun der LSAP.