
Kuerz no 5 Auer en Dënschdeg de Moie fréi gouf zu Fenneng an der Escher Strooss ee Cyclist ugestouss an dobäi blesséiert.
Géint 7.20 Auer e Méindeg den Owend waren tëscht Boxer a Lenzweiler zwee Autoen aneneegerannt. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.
Zu Esch an der Rue Knaff hat et e Méindeg den Owend géint 18.30 Auer an enger Kiche gebrannt. Eng Persoun gouf blesséiert. Am Asaz waren d'Pompjeeë vun Esch, Diddeleng, Monnerech, Käl a Schëffleng.