Invité vun der Redaktioun (13. Februar)Dan Biancalana enttäuscht nom Vott vum neie ProSud-President

RTL Lëtzebuerg
Invité vun der Redaktioun um Dënschdeg de Moien war den Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Dan Biancalana
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D’Decisioun léisst mech net kal, ech hätt gäre weider gemaacht! Sou den Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana de en Dënschdeg de Moien am RTL-Interview. Den LSAP-Politiker huet sech jo beim Vott vum President vum Gemengesyndikat Pro-Sud, géint den Déifferdenger Buergermeeschter Traversini vun déi Gréng misse geschloe ginn.

Zu Diddeleng gëtt et op alle Fall genuch Aarbecht, notamment wéinst dem Trafic. Dee soll aus dem Stadkär verschwannen. Och d'zukünfteg Taktverdichtung bei den Zich déi duerch Diddeleng fuere, gouf mat den CFL diskutéiert. Do huet den Dan Biancalana awer eng sachlech Diskussioun iwwer all d'Optiounen vermësst.

Net frou war hien och, well d'staatlech Instanzen déi fréier Affilux-Gebaier ofgerappt hunn, ouni déi néideg Autorisatioun vun der Gemeng. Den Dialog hei géif awer nees klappen an e gemeinsame Projet fir en ekologeschen Zenter an Ëmweltklassen fir de Fondamental, um fréieren Industriesite ass geplangt.

Invité vun der Redaktioun um Dënschdeg de Moien war den Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren
Back to Top
CIM LOGO