Hellegowend beim CGDIS"D'Asätz sinn dës Deeg schonn anescht wéi soss", sou de Marc Brandenburger

RTL Lëtzebuerg
D'Beruffspompjeeë vum CGDIS sinn dat ganzt Joer iwwer 24 Stonnen op 24 fir d'Leit do. Chrëschtdag gëtt awer trotz Asätz gefeiert.
Hellegowend beim CGDIS
“D’Asätz sinn dës Deeg schonn anescht wéi soss”, sou de Marc Brandenburger.

Op Hellegowend sëtzen déi meescht Leit Doheem bei der Famill um Dësch. Et gëtt giess, Kaddoe verdeelt a gefeiert. Sou munch Leit mussen awer och da schaffen, wann anerer fräi hunn, ënnert anerem d’Beruffspompjeeë vum CGDIS.

Och wa Feierdeeg eigentlech wéi normal Aarbechtsdeeg sinn, ginn et e puer kleng Ënnerscheeder bei den Asätz. Esou gëtt een iwwer d’Chrëschtdeeg méi bei d’Leit heem geruff amplaz op ëffentlech Plazen oder a Caféen. Heefeg kënnt et iwwer Chrëschtdag och zu klenge Virfäll am Haushalt, wéi engem ëmgekippte Fonduesdëppe mat waarmem Ueleg, wat falsch geläscht gëtt. Mee och Streidereien a souguer Kläppereie ginn et iwwert d’Chrëschtdeeg an de Famillen ëmmer méi, wéi de Marc Brandenburger, deen zënter 28 Joer dobäi ass, erzielt.

Ma obwuel de CGDIS zu all Ament muss asazbereet sinn, léisst d’Ekipp op Hellegowend et sech net huelen, zesummen ze feieren. Wa schonn net mat der richteger Famill, da mat der zweeter Famill, wéi d’Pompjeeë mat engem Schmunzele soen. Dëst Joer gouf et am CNIS zu Gaasperech Raclette. “Dat ass praktesch, da brauch ee just de Stecker ze zéien, wann den Alarm geet”, sou de Marc Brandenburger, Chef vun der Ekipp.

Back to Top
CIM LOGO