
D'Presidentin gëtt allzäit zou, dass déi 1930 gegrënnten Associatioun, déi iwwer 8.000 Memberen ziele soll, finanziell net gutt drun ass, iwwerdeems d'Diddelenger Sektioun virun 9 Deeg opgehalen huet, wéinst, wéi et heescht, „Problemer mat der Exekutiv“.
Wann een op den Internetsite vum Foyer de la Femme geet, da steet do, säin Zil wär ënnert anerem „de Schutz vun den Intressie vu senge Memberen an deenen hire Familljen“. Fir d'Sektioun vun Diddeleng war dat awer wuel net méi de Fall.
„De Foyer de la Femme huet net méi Foyer gemaach, dat heescht e war net méi fir déi aarm Leit do!“ Dat seet d'Viviane Reuter, déi bis e Samschde virun enger Woch Presidentin vun der Foyer de la Femme-Sektioun Diddeleng war. De 26. Januar huet déi hir lescht Generalversammlung of- an an engems opgehalen. Amplaz fir déi aarm Leit do ze sinn, hätt de Foyer de la Femme „Weltreese gemaach“, heescht et zu Diddeleng. D'Sektioun hätt awer kee Reesbüro wëllen ënnerstëtzen. Zanter 7, 8 Joer wär een näischt méi vun der Exekutiv gewuer ginn, bedauert d'Presidentin vun der opgeléister Sektioun, obwuel ee viru Joren eng Entrevue mat der nationaler Presidentin Lily Gansen hat. Et wär och dovu Rieds gaangen, d'belsch Immobilie vum Foyer, en Haus zu Lombardsijde, ze verkafen. Fir Chrëschtdag wären dowéinst Leit an en Hotel op der belscher Plage gewiescht. Trotz de Problemer, déi si ausgemaach huet, wär déi Diddelenger Sektioun awer net vun aneren ënnerstëtzt ginn, sou d'Viviane Reuter.
„Jo, mir wollten eist Haus zu Lombardsijde, dat aus dem Joer 1928 ass, verkafen. Et ass ze wäit vun der Plage ewech!“, seet d'Presidentin vum Foyer de la Femme. Well et awer nach net zu deem Verkaf koum, wär een „finanziell net gutt drun“, seet d'Lily Gansen. Déi tëscht den Zeilen undeit, dass ee sech als Foyer de la Femme vun der aktueller Regierung net genuch ënnerstëtzt fillt. D'Reprochë vun der Diddelenger Sektioun wëll si net sou stoe loossen: Där hir Opléisung hätt näischt mat der Exekutiv ze dinn, et hätt ee kee Sträit a si als Presidentin vum Foyer wär och zweemol an de Comité vun der Sektioun komm, fir sech auszeschwätzen, e Comité, an deem si iwwregens selwer mol gesiess hätt. Am Foyer de la Femme géif et Membere vun allen Zorte ginn, och därer, déi begeeschtert wäre vun de "Weltreesen", betount d'Presidentin.
Ma och d'Regierungsmemberen, déi fir de Foyer de la Femme zoustänneg sinn, schénge vu Suerge vun em ze wëssen. Sou hätt de Foyer viru Joren eng Demande gemaach, fir e Projet zu La Panne ze finanzéieren. Op Nofro no weideren Informatiounen hinn, hätt een awer näischt méi héieren. D'Ministere Corinne Cahen a Claude Meisch no hätt sech de Foyer de la Femme, wéi et schéngt, verschëlt, fir en alen Hotel ze kafen. D'Asbl hätt awer weder d'Sue fir dee Kaf, nach déi fir d'Renovatioun. Méi wéisste si net, schreiwen d'Politiker. Wat awer bal schonn duergeet.