Op der GareDat neit Post-Gebai "Helix" geet op

Tim Morizet
38 Méint gouf dru gebaut – e Méindeg gouf en offiziell ageweit: den neie Sëtz vun der Post.

Schonn am Dezember sinn déi éischt Mataarbechter an den “Helix”, dat neit Gebai op der Gare, erageplënnert. Aktuell schaffen hei 500 Mataarbechter.

Virun 10 Joer war et nach e ganz anert Bild op der Gare. D’Gebai mat der gro/bloer Fassade a brong gespigelte Fënsteren huet de Quartier net grad méi schéi gemaach, fënnt och de Claude Strasser, Direkter vun der Post, an engem RTL Interview 2013.

Dat neit Post-Gebai “Helix” geet op

“Dat Gebai ass den Ament keen Aushängeschëld an och net esou wéi mir eis wëlle presentéieren. Déi nächst 5/6 Joer wäert hei e ganz neit Bild vun eis a vum Garer Quartier hei entstoen. En Investissement, deen Zäit brauch.”

Knapp 200.000 Stonne gouf um neie Gebai geplangt, gebaut, respektiv montéiert. Resultat: E Konstrukt aus 115 Tonne Stol, enger Fassade aus Stee mat ronn 1.000 Fënsteren.

D‘Häerzstéck vum Gebai ass den Atrium mat 200 Metercarré. Grouss Fënstere Richtung Gare a Rue de Commerce bréngen natierlech Luucht eran. Fir de Pierre Zimmer, Directeur-adjoint vum Post Group, e grousse Moment.

“Mir wollten einfach en Zeeche setzen, fir rëm e Gebai ze bauen, fir all d‘Mataarbechter vun der Post, wat awer och de Quartier re-valoriséiert.”

Virun allem déi 30 Meter héich geschwongen Trapp bannenan zitt d’Blécker un. Den Interieur besteet virun allem aus Holz. Un de Maueren – um Buedem. Insgesamt 4.000 Metercarré Parquet. Dat ganzt a Kombinatioun mat vill Gréngs. Energie gëtt kaum verbraucht, esou den Architekt Agaajani Shahram.

D‘Original-Gebai vun 1948 gouf awer och an den neie Projet integréiert. D‘Stengefassade vum Accinauto-Gebai ass denkmalgeschützt a couvréiert ongeféier een Drëttel vum Gebai.

Back to Top
CIM LOGO