
D’Bäckerei Fischer rifft Mokka-Eeër zeréck. Concernéiert sinn d’Produiten, déi en Donneschdeg (28.3.24) an e Freideg (29.3.24) verkaf goufen. Als Grond nennt Fischer e Problem bei der Fabrikatioun.
D’Clientë kënnen d’Ee am Geschäft zeréckginn fir e Remboursement oder en Echange.