Elo wëll een op de Wee goen, fir och bei der Produktioun an dem Transport vun de Baumaterialien a bei der Konstruktioun selwer manner Energie ze verbrauchen. De CO2-Ausstouss soll am Bausecteur esou niddreg wéi méiglech gehale ginn.
Zum Beispill soll op de Schantercher selwer manner CO2 ausgestouss ginn. An dat, andeems ee Maschinnen asetzt, déi mat elektresch fonctionéieren. Esou Baggere si schonn um Marché an am Asaz.
Déi nei Gebaier zu Lëtzebuerg sinn all ganz energieeffizient, do kéint een näischt soen, esou den zoustännege Minister Claude Turmes. Wat mir bauen, wier gutt. Wéi mir bauen, misst besser ginn.
Zement, Zillen, Stol oder Glas, fir d’Produktioun vun all dëse Materialie brauch ee vill Energie. Deelweis ass et ganz komplizéiert fir d’CO2-Emissiounen ze reduzéieren. D’Industrie an de Bausecteur wieren awer bereet, hir Hausaufgaben ze maachen an do anzespueren, wou et méiglech ass, heescht et vun der Fedil.
Holz ass sécher ee Material, wat an Zukunft nees méi wäert agesat ginn. Do dernieft misst een an Zukunft och esou bauen, datt d’Liewensdauer vun de Gebaier méi laang ass, respektiv, datt d’Materialie besser kënne recycléiert ginn.